2019

  • AG 2019

    D’Generalversammlung 2019 vum RL ass Sonndes den 10. Mäerz um 16:00 zu Gonnereng. D'Invitatiounen mat den Detailer kommen mat der Post.

    Wéi déi lescht Joeren ass dat ganzt och mat engem Iessen no der AG kombinéiert. Denkt w.e.g. drun fir iech bis den 2. Mäerz fir d'Iessen unzemellen ().

    De QSL Bureau ass och op der Assemblée Générale present an eis Membere kënnen hier Kaarten do ofhuelen an ofginn.

  • Nei Adress fir d'Monatsversammlungen

    Opgepasst - Attention - Achtung -  Attention!

    Lëtzebuergesch Vun elo un sinn d'Monatsversammlungen vum RL enzwousch aanescht!

    Français Le local où se tiennent les réunions mensuelles du RL a changé!

    Deutsch Die Monatsversammlungen des RL finden ab jetzt an anderer Adresse statt!

    English From now on, the address of the monthly meetings has changed!

     

    Nei Adress - nouvelle adresse - neue Adresse - new address

    Café - Restaurant De Spackelter
    2, rue de Luxembourg
    L-3660 LEUDELANGE

    Am engen  separate Sall um éischte Stack.

    Nächst Datumer - prochaines dates - nächste Termine  - next dates

    • 3. Abrëll - 3 avril - 3. April - 3rd April @ 19h30
    • 8. Mee - 8 mai - 8. Mai - 8th May @ 19h30
  • RL Cours fir de Radio-Amateur Examen

    Lëtzebuergesch Den RL organiséiert och dëst Joer nees ee Cours fir de Radio-Amateur Examen.

    De Cours op Lëtzebuergesch ass all Méindes an Donneschdes vun 19:00 bis 20:45 Auer. En ass fir all Altersklass a fänkt den 1. Oktober 2018un.

    De Cours ass am Lycée Technique du Centreum Lampertsbierg am Sall 136.

    Den Examen vum ILR fir de 'Certificat d'opérateur-amateur radio' gëtt am Januar / Februar 2019 ofgehalen.

    Fir weider Informatiounen a fir iech unzemellen, klickt w.e.g. hei.

  • RL Grillfest 2019 Invitatioun

  • RL QST Emissiounen 2019

    Lëtzebuergesch Hei fannt dir d'QST Emissiounen vum RL vun 2019.

  • YOTA Subregional Camp DL 2019

    Lëtzebuergesch De Weekend vum 15. bis den 17. Mäerz 2019 fënnt den Youngsters On The Air Subregional Camp 2019 am Amateur Radio Center vum DARC zu Baunatal statt.

    De Youngsters On The Air Program (YOTA) ass eng Initiativ vun der IARU fir jonkt Radio Amateuren zesummen engagéiern an si  bei hiren Aktivitéiten a Projeten  ze ënnerstëtzt.

    Lëtzebuerg ass duerch den RL Member Erik LX6ES vertrueden.