2019

  • AG 2019

    D’Generalversammlung 2019 vum RL ass Sonndes den 10. Mäerz um 16:00 zu Gonnereng. D'Invitatiounen mat den Detailer kommen mat der Post.

    Wéi déi lescht Joeren ass dat ganzt och mat engem Iessen no der AG kombinéiert. Denkt w.e.g. drun fir iech bis den 2. Mäerz fir d'Iessen unzemellen ().

    De QSL Bureau ass och op der Assemblée Générale present an eis Membere kënnen hier Kaarten do ofhuelen an ofginn.

  • Ham Radio 2019

    Lëtzebuergesch Och 2019 ass den RL nees mat engem flotte Stand mat e puer Neierungen op der HamRadio zu Friedrichshafen vertrueden.

    D’Ausstellung um Bodensee ass vu Freides dem 21. bis Sonndes den 23. Juni.

    Dir sidd all häerzlech Wëllkomm eis op de Stand A1-880 an der Hal A1 besichen ze kommen.

    English Like the previous years, the RL is participating from 21st to 23rd June 2019 at the Hamradio fair in Friedrichshafen.

    We would be glad to welcome you at our stand A1-880 in hall A1.

  • LX19CWC Cricket World Cup Radio Marathon

    English LX19CWCis the special callsign for Luxembourg's participation in the 2019 Cricket World Cup Radio Marathon organised by the RSGB. The Marathon goes from 30 May to 14 July 2019.

    All RL Members are invited to participate. Simply book the LX19CWC callsign by sending an email to Mich LX1KQ () and send him your log in ADIF format (lx19cwc@mycall.adi) after the activation.

    Lëtzebuergesch LX19CWCass ee speziellt Ruffzeechen fir den Cricket World Cup Radio Marathon 2019 deen vun der RSGBorganiséiert gëtt. De Marathon leeft vum 30. Mee bis den 14. Juli 2019.

    All Member ass invitéiert fir matzemaachen. Einfach d’Ruffzeechen LX19CWC per email beim Mich LX1KQ () ufroen an him duerno d’Logbuch am ADIF Format schécken (lx19cwc@mycall.adi).

    Online Log

  • LX8HQ IARU HF Championship 2019

    Lëtzebuergesch De Weekend vum 13-14 Juli 2019 huet den RL nees mat der Headquarter Statioun LX8HQ am IARU HF Championship 2019 matgemaach.

    Et ass vum RL Shack aus gefunkt an am Ganzen ronn 1500 QSO'en gemaach ginn.

    LX8HQ 2019 Team (v.l.n.r.): Thorsten DG3KBQ, Jean-Luc F1ULQ, Mich LX1KQ, Mendaly LX2VY, Jean-Marie LX1JH, Heng LX1HD

     

  • Nei Adress fir d'Monatsversammlungen

    Opgepasst - Attention - Achtung -  Attention!

    Lëtzebuergesch Vun elo un sinn d'Monatsversammlungen vum RL zu Peppeng am San Marino!

    Français Le local où se tiennent les réunions mensuelles du RL est à Peppange au San Marino!

    Deutsch Die Monatsversammlungen des RL finden in Peppingen im San Marino statt!

    English From now on, the new address of the monthly meetings is in Peppange!

     

    Nei Adress - nouvelle adresse - neue Adresse - new address

    Pizzeria San Marino
    11 Rue de la Montagne
    L-3391 PEPPANGE

     

  • RL Cours fir de Radio-Amateur Examen

    Lëtzebuergesch Den RL organiséiert och dëst Joer nees ee Cours fir de Radio-Amateur Examen.

    De Cours op Lëtzebuergesch ass all Méindes an Donneschdes vun 19:00 bis 20:45 Auer. En ass fir all Altersklass a fänkt am September 2019un.

    De Cours ass am Lycée Technique du Centreum Lampertsbierg.

    Den Examen vum ILR fir de 'Certificat d'opérateur-amateur radio' gëtt am Januar / Februar 2020 ofgehalen.

    Fir weider Informatiounen a fir iech unzemellen, klickt w.e.g. hei.

  • RL Grillfest 2019 Invitatioun

  • RL QST Emissiounen 2019

    Lëtzebuergesch Hei fannt dir d'QST Emissiounen vum RL vun 2019.

  • YOTA Subregional Camp DL 2019

    Lëtzebuergesch De Weekend vum 15. bis den 17. Mäerz 2019 fënnt den Youngsters On The Air Subregional Camp 2019 am Amateur Radio Center vum DARC zu Baunatal statt.

    De Youngsters On The Air Program (YOTA) ass eng Initiativ vun der IARU fir jonkt Radio Amateuren zesummen engagéiern an si  bei hiren Aktivitéiten a Projeten  ze ënnerstëtzt.

    Lëtzebuerg ass duerch den RL Member Erik LX6ES vertrueden.