SaarLorLux-Treffen LX8SAR

Wéi schonn am Bulletin ugekënnegt ass d’SaarLorLux Treffen dëst Joer vu Freides dem 16. bis Sonndes dem 18. Juni zu Weicherdang am SNJ Jugendzentrum. Dir sidd wëllkomm fir do ee flotte Weekend mat de Kollegen aus der Groussregioun ze verbréngen, oder si dohi besichen ze goen. Et wäert natierlech eng Statioun opgeriicht ginn, fir QSOen op deene verschiddene Bänner ze maachen. Folgende Programm ass fir déi 3 Deeg zu Lëtzebuerg geplangt:

  • Freides, 16. Juni, Arrivée a Begréissung sou wéi Funkbetrib mam Sonderruffzeechen "LX8SAR".
  • Samschdes, 17. Juni, um 10 Auer Visite vun engem Musée zu Dikkrich.
  • Um 19 Auer Hamfest am Jugendzentrum vu Weicherdang.
  • Sonndes, 18. Juni ass ee gemeinsamt Mëttegiessen
  • Dono géint 15 Auer wäerten d’Leit sech dann op den Heemwee maachen.

Falls dir och am Jugendzentrum wëllt schlofen, kennt der iech beim Heinz DK4XC () mellen.

LX0DRD bis ob weideres QRV vun Blaaschent aus

Gëschter am Laf vum Moien ass en Camion vun engem Entrepreneur während Bauaarbechten an den Sendemast vum LX0DRD zu Dippëch gerannt. Dorops hin ass den Mast emgefall.
Well nët gewosst ass wéini mir deen Site nees kënnen exploitéieren huet eisen DVC working group den Relais zu Blaaschent um Site vum LX0DML nees an Betrib geholl.

Vun hei aus en décken Merci un déi Leit, déi eng Hand mat ugepaackt hunn fir dass den LX0DRD nees konnt esou schnell online goen.
Och en ganz besonnegen Merci un den ILR déi eis schnell an onbürokratesch eng provisoresch Lizenz accordéiert hunn fir den LX0DRD zu Blaaschent däerfen ze bedreiwen.
Duerch den Ausfall vum Site Dippëch ass och den HAMNET Link vum LX0DRV ennerbrach, sou dass dësen Relais temporaire nët um D-Star Netz hängt. Mir kucken awer fir esou schnell wei méiglech eng nei Link Streck op den Ronnebësch ze kréien.
D' Couverture vun Blaaschent aus ass nët schlecht, allerdéngs sinn duerch den Ausfall vun Dippech grouss Deeler am Süden vun eisem Land nët méi an D-Star ofgedeckt.

Den DVC sicht och hei no enger Léisung. Weider Biller vum Mast fannd dir hei.

Lizenzen vum ILR

Lëtzebuergesch Den ILR hat jo ee gewëssene Retard annoncéiert fir déi erneiert Lizenzen ze verschécken fir déi ze ersetzen déi Enn 2016 ausgelaf sinn. Mëtt Mäerz misste lo awer all d’Lizenze bei de betraffenen LX-Amateuren ukomm sinn. Falls een nach keng Lizenz-Käertche geschéckt krut, soll e sech direkt beim ILR oder beim Comité vum RL mellen, fir ze kucken wat do schief gelaf ass.

AG 2017

Wéi all RL-Member schonn normalerweis mat der Invitatioun per Post matgedeelt krut, ass d’Assemblée generale vum RL Sonndes den 12. Mäerz um 16:00 zu Gonnereng. Wéi déi lescht Joeren ass dat ganzt och mat engem Iessen no der AG kombinéiert. Denkt och w.e.g. dru fir iech bis den 4. Mäerz fir d'Iessen unzemellen ( oder per Telefon beim Vize-President).

De QSL Bureau wäert och op der Assemblée generale présent sinn, eis Membere kennen hier Kaarten also do ofhuelen respektiv ofginn.

Resultater Radioamateurs Examen 2017

Dëst Joer hate sech 14 Kandidaten fir de Funkamateur-Examen deen den 23. Januar beim ILR ofgehal ginn ass ugemellt, wouvun der 12 sech presentéiert hunn. Dëst waren der 7 fir d'HAREC-Lizenz an 5 fir d'NOVICE-Lizenz.

Demnächst wäerten 6 nei HAREC Amateuren op de Bänner ze héiere sinn, an 3 Novicen. 2 Novicen an 1 HAREC krute leider een Noexamen.

Mëttlerweil krute mer e puer Ruffzeeche matgedeelt déi wäerten assignéiert ginn, d’Lizenze sinn de Moment wou desen Artikel geschriwwe ginn ass awer nach net ausgestallt:

  • Valérie LX1SV
  • Tom LX1TP
  • Antonio LX1VS

Dat neit Reglement F16/02/ILR vum 18. Mäerz 2016 vum ILR iwwer d’Prefixen ass och dëst Joer fir déi nei Ruffzeechen applizéiert ginn.

Mir wënsche si all wëllkomm am neien Hobby.