LoTW

Wéi och am Bulletin geschriwwen kann ee fir ee Log of the World Account lo neierdéngs seng Identitéits-Daten bei engem DXCC Card Checker kontrolléiere loossen, an et muss ee soumat net méi eng Kopie dovun per Post an Amerika schécken.

Eisen Award-Manager LX2A ass hei zu Lëtzebuerg DXCC Card Checker, a bereet och d’Dokumenter-Kontroll fir sou Accounts ze maachen.

Dëse Service gëtt fir all Funkamateuren ugebueden, et muss een net Member vum Club sinn.

60 Meter Band zu Lëtzebuerg

Wéi op der Assemblée Générale 2016 erkläert, huet den RL eng Demande beim lëtzebuerger Régulateur (ILR) gemaach fir en “accès anticipé” op d’5 MHz Band ze kréien, sou wéi dat och an enger Partie anere Länner schonn de Fall ass. Laut WRC-15 soll dat nämlech réischt den 1. Januar 2017 weltwäit vun den nationalen Autoritéiten an déi national Reglementatioun agefouert ginn. Den ILR ass awer d’accord fir dat zu Lëtzebuerg schonn éischter ëmzesetzen. Elo mussen allerdéngs nach all déi administrativ Prozeduren vum ILR erleedegt ginn, a réischt wann déi offiziell Publicatioun gemaach ass, däerf d’60 Meter Band dann och zu Lëtzebuerg vum Service Radioamateur benotzt ginn. Dëst kéint viraussiichtlech am Juni de Fall sinn.

Et bleift drun ze erënneren dass mir den utilisateur secondaire vun dem Band sinn, de Primaire also net stéieren däerfen!

LX HF Marathon 2017

Lëtzebuergesch Den RL invitéiert erëm all seng Memberen nees beim LX HF Marathon 2017 matzemaachen.

English The "Radioamateurs du Luxembourg" (RL) invites all its members to participate in the 2017 edition of the LX HF Marathon.

Français L'association "Radioamateurs du Luxembourg" (RL) invite tous ses membres à participer à l’édition 2017 du LX HF Marathon.

English Rules (pdf)
Français Règlement (pdf)

RL QST Archiv 2016

Lëtzebuergesch Wéi schonn op der Assemblée Générale 2016 annoncéiert, wäert d’QST Emissioun an Zukunft weiderhin all leschte Freiden am Mount iwwerdroe ginn. Zousätzlech wäert allerdéngs lo nach dee Sonnden no dësem leschte Freiden moies um 11 Auer eng Rediffusioun gemaach ginn, fir déi Leit déi Freides owes ni Zäit hu fir virun der Statioun ze setzen. Dest wäert viraussiichtlech mat der QST Emissioun vun Abrëll u fänken, déi also Sonndes den 1. Mee nach eng Kéier wäert iwwerdroe ginn.

D’PDFen déi soss ëmmer op d’Homepage gesat gi sinn ginn och lo duerch eenzel Artikelen ersat, fir dat ganzt méi iwwersiichtlech ze maachen.

Hei kann een awer d'MP3 Fichieren roflueden falls ee se nach eng Kéier well lauschteren:

RL Assemblée générale 2016

D’Assemblée générale vum RL huet den 13. Mäerz 2016 zu Peppeng stattfonnt. Trotz dem gudde Wieder haten eng Partie Memberen de Wee dohinner fonnt, genau sou wéi den Éieremember DK4XC. Als Gäscht konnte mer och de President vun der UBA, ON7TK, a seng XYL ON7LX begréissen.

De komplette Rapport vun der AG wäert wéi üblech am nächste Bulletin publizéiert ginn.

Dëst Joer stounge jo och Comité-Walen um Programm. Den neie Comité, zesumme mam President LX1KQ, stellt sech lo aus folgende Leit zesummen: Jean-Claude LX1CU, Christian LX1FC, Luc LX1IQ, Dan LX1JU, Armand LX1MA, Romain LX1RW, Arsène LX1TB, Carlo LX1TI a Philippe LX2A. Déi genau Charge wäerten op der éischter Comité-Versammlung verdeelt ginn.

Resultater Radioamateurs Examen 2016

Lëtzebuergesch Den RL félicitéiert de Kandidaten déi den Examen 2016 fir de Certificat d'opérateur gepackt hunn.

Dëst Joer hate sech 6 Kandidaten fir den Funkamateur-Exame beim ILR presentéiert, 3 fir d'HAREC-Lizenz an 3 fir d'NOVICE-Lizenz. Déi 4 Kandidate vum RL hunn den Exame gepackt (3 HAREC an 1 NOVICE) genau wéi och 2 aner Kandidaten (NOVICE).