2018

  • CW Cours / Cours CW

    Lëtzebuergesch Den RL ass vun e puer Leit drop ugeschwat ginn, op et net méiglech wier fir rëm ee gemeinsame Cours z'organiséieren fir Morse ze léieren. Nodeems dëst jo net méi obligatoresch fir den Examen war, ass d'Morse och net méi am Preparatiouns-Cours integréiert ginn. Dësen neie Cours sollt also och als Ziel hunn, dass d'Operateuren duerno kennen CW-QSOen op de Bänner maachen, et gëtt net op een Examen hi geschafft. De Comité vum RL ass amgaang d'Machbarkeet vu sou engem Cours z'analyséieren, a wollt heimat eng Ëmfro bei de Membere maachen, ween intresséiert wier u sou engem Cours deel ze huelen. Intresséiert Leit kenne sech kuerz per Mail un mellen, se ginn dann onverbindlech op eng Interesse-Lescht geschriwwen. Réischt wa spéider d'Detailer all bekannt sinn, muss ee sech definitiv umellen.

    Français Le RL a eu une demande de la part de quelques personnes qui seraient intéressées de pouvoir suivre un cours pour l'apprentissage de la Morse. Suite à l'abolition de la Morse comme prérequis pour l'examen de radioamateur, la partie y relative avait aussi été supprimée du programme du cours de préparation. Ce nouveau cours aurait comme but que les opérateurs en question seraient à même de faire des QSOs CW sur les bandes, et non pas de passer un examen. Le comité du RL est en train d'évaluer la faisabilité d'un tel cours, et voulait faire par ce biais une enquête auprès des membres. Les personnes intéressées de participer à un tel cours peuvent envoyer un message à . Seulement plus tard lorsque tous les détails seraient clarifiés, une inscription définitive deviendra nécessaire.

     

  • D-Star Relais - LX0DRN

    Lëtzebuergesch Den neien D-Star Relais zu Nacher leeft zanter e puer Wochen lo mam definitive Ruffzeechen LX0DRN. Leit déi dat temporärt Ruffzeechen an hirem Gerät aprogramméiert haten während der Test-Phase, mussen dëst dann lo duerch LX0DRN ersetzen.

     

  • Kee ClubOwend am Februar / Pas de soirée Club en février

    Lëtzebuergesch Aus organisatoresche Grënn wäert leider am Februar de ClubOwend an d'QST Emissioun ausfalen. Den 23. Februar wäert also och kee QSL Service zu Eesebuer sinn. Well d'Monatsversammlung vum Mäerz zu Peppeng jo och traditionell wéinst der Assemblée generale ausfällt, ass also no der Monatsversammlung vum 7. Februar zu Peppeng déi nächst Méiglechkeet fir seng QSL Kaarte beim Bureau ofzehuelen an ofzeginn den 11. Mäerz op der AG.

    Français Pour des raisons d'organisation, la soirée Club ainsi que l'émission QST de février devront être annulées. Le 23 février il n'y aura donc pas de service QSL à Eisenborn. Comme la réunion mensuelle de mars sera supprimée à cause de l'assemblée générale qui se tiendra en mars, les prochaines dates pour le service QSL seront donc le 7 février à Peppange et le 11 mars lors de l'AG.

  • RL Cours fir de Radio-Amateur Examen

    Lëtzebuergesch Den RL organiséiert och dëst Joer nees ee Cours fir de Radio-Amateur Examen.

    De Cours op Lëtzebuergesch ass all Méindes an Donneschdes vun 19:00 bis 20:45 Auer. En ass fir all Altersklass a fänkt den 28. September 2017un.

    Opgepasst: De Cours ass dëst Joer am Lycée Technique du Centreum Lampertsbierg am Sall 136.

    Den Examen vum ILR fir de 'Certificat d'opérateur-amateur radio' gëtt den 29. Januar 2018 ofgehalen.

    Fir weider Informatiounen a fir iech unzemellen, klickt w.e.g. hei.

  • RL QST Emissiounen 2018

    Lëtzebuergesch Hei fannt dir d'QST Emissiounen vum RL vun 2018.