RL Cours fir de Radio-Amateur Examen

Lëtzebuergesch Den RL organiséiert och dëst Joer nees ee Cours fir de Radio-Amateur Examen.

De Cours op Lëtzebuergesch ass all Méindes an Donneschdes vun 19:00 bis 20:45 Auer. En ass fir all Altersklass a fänkt den 30. September 2019 un.

De Cours ass am Lycée Technique du Centre um Lampertsbierg.

Den Examen vum ILR fir de 'Certificat d'opérateur-amateur radio' gëtt am Januar / Februar 2020 ofgehalen.

Fir weider Informatiounen a fir iech unzemellen, klickt w.e.g. hei.

RL QST

 D'QST Emissioun vum RL fënnt all läschte Freiden vum Mount um 20:00 Auer statt.
Eng Rediffusioun gëtt Sonndes nom leschte Freiden am Mount um 11:00 Auer gemaach. D'Émissiounen ginn iwwer d'Relaisen LX0DMM, LX0HI an LX0LU iwwerdroen. 

 L'émission QST du RL est diffusée chaque dernier vendredi du mois à 20h00. 
Une rediffusion aura lieu le dimanche suivant le dernier vendredi à 11h00. Les transmissions seront faites par les relais LX0DMM, LX0HI et LX0LU.  

 Die QST Sendung des RL findet jeweils am letzten Freitag des Monats um 20:00 Uhr statt.
Eine Wiederholung findet am Sonntag nach dem letzten Freitag um 11:00 Uhr statt. Die Sendungen werden über die Umsetzer LX0DMM, LX0HI und LX0LU übertragen.

Kee ClubOwend (Eesebuer) a keng QST am Dezember

Lëtzebuergesch Well de leschte Freiden am Mount Dezember op den 29. fält, an do tëschent de Feierdeeg vill Leit anerwäerteg Verpflichtungen hunn, wäert de ClubOwend vum Dezember ausfalen. Et ass also och den 29. Dezember kee QSL Service zu Eesebuer. Den nächste ClubOwend ass soumat am neie Joer, an zwar den 26. Januar 2018. De QSL Service wäert de 6. Dezember zu Peppeng present sinn, an am neie Joer och den 3. Januar.

D’QST Emissioun vun Enn Dezember wäert och ausfalen, well viraussiichtlech keng intressant Neiegkeeten um Programm stinn. Den nächste Rendez-Vous fir d’QST ass also héchstwahrscheinlech, wann et eppes ze ziele gëtt, de 26. Januar, respektiv den 28. Januar fir d’Rediffusioun.

Français Le dernier vendredi du mois de décembre, c-à-d le 29 décembre 2017 la soirée club à Eisenborn n'aura pas lieu, comme beaucoup de membres ont d'autres obligations entre ces jours fériés de fin décembre. Le service QSL sera donc assuré seulement le 6 décembre et le 3 janvier à Peppange. L'émission QST de fin décembre est aussi annulée, la prochaine édition est donc prévue pour le 26 janvier (rediffusion 28 janvier).

RL - LX National QSL Bureau

Lëtzebuergesch D'Memberen vum RL kënnen hir QSL Kaarten all Mount an der Versammlung zu Leideleng an um Club-Owend zu Esebuer ofginn an ofhuelen.

Memberen déi méi Ruffzeechen, Spezial-Ruffzeechen benotzen oder QSL-Kaarten fir aaner Memberen an der Versammlung mat huelen, sollen dem Claudine LX1CX dat mat engem eMail matdeelen (qsl@rlx.lu). Et erliichert him d'Sortéieren enorm an d'Këscht gett och éischter eidel (et bleiwen keng sougenannten QSL-Karten-Leichen iwwreg). Wann een an der Vakanz och QSOen mat engem aaneren Ruffzeechen mecht, w.e.g. dat och matdeelen.

Monatsversammlung November

Lëtzebuergesch D’Monatsversammlung vum Mount November zu Peppeng ass net wéi soss normalerweis den éischte Mëttwoch vum Mount, mee den zweeten. Deen éischte Mëttwoch ass nämlech den 1. November, wat jo ee Feierdag ass. Mir gesinn eis also zu Peppeng ob der üblecher Plaz rëm Mëttwochs den 8. November.

Français La réunion mensuelle du mois de novembre sera le 8 novembre, comme le 1 novembre est un jour férié au Luxembourg.