Maintenance Blaschette

Lëtzebuergesch Wéi schonn an där leschter QST-Emissioun ugekënnegt, organiséieren mir Schaffdeeg zu Blaschent um Site vun eisem Relais.

Hei geet et virun allem mol dorëms di provisoresch gelueten Antennekabelen propper ze verleeën, an da gëtt nach eng Hamlink Streck op gebaut.

Dat ass eppes wat dech vläicht vun der Technik hier interesséiere kënnt. Mee net nëmmen dat, och mol eng Kéier d’Méiglechkeet ze hunn fir de Site mat sengem imposanten Mast vu Noo ze kucken mécht dat ganzt interessant. Mee dat Bescht kënnt jo ëmmer zum Schluss, den RL sponsort hei Iessen a Gedrénks, sou dass heiraus och nach e flotten an gemittlechen Dag ënnert Gläichgesënnten usteet. Als eenzeg Konditioun, du muss dech wéi ëmmer ënnert umellen.

Di zwee Datumen wou’s du dier hei mierke solls sinn jeeweils Samschdes den 20. an den 27. Juli 2019. Soo eis och wéi en Daag s’du eis dann hëllefe kënns.
 

LX DX Toplist 2018

Lëtzebuergesch Et ass nees un der Zäit fir d' LX DX Toplist à jour ze setzen. Et ass nees jiddereen agelueden fir matzemaachen. Schéckt w.e.g. einfach den ausgefëllten Formulaire bis den 19. Januar 2019 un de Philippe LX2A. D'Resultater ginn duerno erëm am Bulletin an hei publizéiert.

Français Le moment de la mise à jour de la LX DX Toplist est de nouveau arrivé et tout le monde est invité à participer en envoyant le formulaire ci-dessous rempli à Philippe LX2A pour le 19 janvier 2019. Les résultats seront affichés plus tard dans le bulletin et sur le site.

LX DX Toplist Formulaire XLSX

D-Star Relais - LX0DRN

Lëtzebuergesch Den neien D-Star Relais zu Nacher leeft zanter e puer Wochen lo mam definitive Ruffzeechen LX0DRN. Leit déi dat temporärt Ruffzeechen an hirem Gerät aprogramméiert haten während der Test-Phase, mussen dëst dann lo duerch LX0DRN ersetzen.

 

Hytera DMR goes XLX !!

Lëtzebuergesch Endlech ass et esouwäit !!

Den 17. Dezember 2017 hunn mir den LX0DME, dem LX9DX säin Hytera Relais geupgrade an un den XLX270 gelinkt. Dommadder hätten mir eist Ziel erreecht an et ass egal ob den Operateur an DMR oder D-Star funkt.

Um XLX270 ginn all Moduler an die béid Richtungen DMR-D-Star transcodéiert.

Par defaut ass den LX0DME ob den XLX270 Module B gelinkt wou och all déi aner D-Star Relaisen vum RL drun hänken.

Den Réseau ass ob den TS1 / TG8 gemappt. Wann dir also iwwert den LX0DME fuert dann muss dir den TS1 / TG8  (Time Slot 1 /  Talking Group 8) benotzen. Als RX Grupp am CPS vum Funkgerät geet TG8 duer.

Des Konstellatioun vereinfacht déi ganz DMR-Handhabung drastesch. Natierlech kann den LX0DME och ewech gelinkt , oder den Module gewiesselt ginn.

Gesteiert gëtt dat Ganzt iwwert en private call.

Hei dann d' Befehler:

  • 84000 - unlink
  • 85000 - status
  • 84001 - Module A
  • 84002 - Module B
  • 84003 - Module C
  • ...
  • 84026 - Module Z

Den Time Slot 2 kann weiderhin fir lokal QSO’en an der TG9 genotzt ginn.

Fir weider Froen steet den DVC vum RL iech wéi ëmmer zur Verfügung.

Digital Voice Communication – D-Star Relais LX0DRN

Viru ronn 4 Joer hat den DVC vum RL sech virgeholl fir D-Star zu Lëtzebuerg flächendeckend zur Verfügung ze stellen. Enn 2017 ass et elo souwäit. Mam LX0DRN riichten mir zu Nacher eisen 6. an viraussiichtlech leschten D-Star Relais zu Lëtzebuerg ob. Den Moment lafen ob deem Site éischt Couvertures-Tester ënnert LX0XP-B. Mat dësem Relais gëtt den Heischtergronn, Wolz, Esch-Sauer, Clerv an villes méi ofgedeckt. D’Frequenz vum Relais ass 438.31250 MHz, shift  -7.6 MHz.

Den DVC vum RL seet all deenen Leit en décken Merci, déi gehollef hunn an esou kuurzer Zäit esou en formidabelen Projet ob d’Been ze stellen. Ab elo ass et méiglech quasi am ganzen Land an D-Star QRV ze sinn an esou National an International Verbindungen ze maachen.

Rapporten souwéi wei all aner Froen kënn dir gären un schécken.

Och wann mam LX0DRN den D-Star Projet souwäit ofgeschloss ass, heescht dat nët dass mir elo keng Aarbecht méi hunn! Jiddereen deen an der DVC Working Group wëll aktive matschaffen ass häerzlech invitéiert matzemaachen. Et sinn keng speziell Kenntnisser erfuerderlech. Spaass um Hobby an Teamfäegkeet ginn dur.

Mir freeën eis iwwert all Feedback.