Toggle Content Main Menu
 LOGIN
 Register
 www.rlx.lu
 Home
 Maps
 Forums
 Community
 Web

Toggle Content Select Language
Nederlands English Français Deutsch Italiano 한국어 Português Espanõl ไทย

Community Forums
Circulaire 2600/06
All important things happening in the Luxembourg Amateur Radio scene
Post new topic   Reply to topic   Printer Friendly Page     Forum IndexAll LX
View previous topic :: View next topic  
Author Message
LX1NO
Nice Poster


Joined: Oct 12, 2005
Posts: 47

PostPost subject: Circulaire 2600/06
Posted: Sun Nov 19, 2006 16:23
Reply with quote

An waat bedeit daat elo fir d'Praxis? Wann eng Gemeng seet, deen circulaire interesséiert eis nët? Wéi eng Rechter huet een dann?
Back to top
View user's profile Visit poster's website
LX1RA
Strong Poster


Joined: Mar 19, 2005
Posts: 90

PostPost subject: Re: Circulaire 2600/06
Posted: Sun Nov 19, 2006 21:05
Reply with quote

lx1no wrote:
An waat bedeit daat elo fir d'Praxis? Wann eng Gemeng seet, deen circulaire interesséiert eis nët? Wéi eng Rechter huet een dann?

Salut Norby,

dann daerfst du bei eis Lokalpolitiker pilgeren, an wann do naischt raus kennt,
bleiwt nach Wahltag = Zahltag = dei batter Erkenntnis dass mir Radio-Amateuren
eng inexistent Lobby hun um Kommunalen Plang Hmm
dorunner aennert och een neien circulaire vum Innenminister naischt

oder virum Verwaltungsgeriicht klären loosen wat fir eng juristesch Valeur
dem Minister seng Circuläiren hun, mat der Gefohr vu enger Surprise dei herno
kengem gefällt
Back to top
View user's profile
LX1NO
Nice Poster


Joined: Oct 12, 2005
Posts: 47

PostPost subject: Re: Circulaire 2600/06
Posted: Mon Nov 20, 2006 15:23
Reply with quote

1 Stëmm vun 6000+ ?

Virum Verwaltungsgeriicht sinn d'Chancen wuel immens kleng. Et ass jo just en circulaire an keen règlement, do muss sech d'Gemeng nët drun haalen.

Ennert dem Strëch keen Fortschrëtt, an dofir huet et baal 2 Joer gedauert.

73 Norby
Back to top
View user's profile Visit poster's website
LX1RA
Strong Poster


Joined: Mar 19, 2005
Posts: 90

PostPost subject: Re: Circulaire 2600/06
Posted: Mon Nov 20, 2006 21:08
Reply with quote

lx1no wrote:
1 Stëmm vun 6000+ ?

Salut,

den RL kann nach Honnert Joer op nationalem Niveau schaffen,
wann mir et net faerdeg brengen lokal eppes em ze rappen soulaang
sin Besoins an Wënsch vun den Radio-Amateuren den lokale Politiker
sch....egal, an et ass schlussentlech just den Buurgermeeschter den eng
Baugenemigung ausstellt.
An dann eppes zur Arethmathik, hei an LX get et 450-500 Radio-Amateuren
dat sin bei 450.000 Anwunner sage und schreibe 1/1000 (een/pro mille)
Fallbeispill: eng Gemeng mat 6000 Anwunner huet 6 Radio-Amateuren
Den Buurgermeeschter geif boykoteiert gin waeren wann den Kanditat 1631 Stemmen
haett 6 Stemmen manner (dat sin Peanuts) dat ass Realiteit der sech eis
Memberen miisten stellen, maachen se awer net!!!
No Lobby no Rights dat ass Liewen
Back to top
View user's profile
LX1OM
Site Admin


Joined: Mar 14, 2005
Posts: 118
Location: Luxembourg JN39CO

PostPost subject: Re: Circulaire 2600/06
Posted: Fri Nov 24, 2006 01:15
Reply with quote

Fir all déi wëlle wëssen ëmt waat et hei geet, kuckt einfach ënnert Legislation um RL Site. Do sti béid Circulairen drop.

lx1no wrote:
An waat bedeit daat elo fir d'Praxis? Wann eng Gemeng seet, deen circulaire interesséiert eis nët? Wéi eng Rechter huet een dann?

D'Rechter déi am Gesetz iwwert den Amateurfunker stinn.

Eng Circulaire ass den Avis vum Staat / der Regierung fir d'Gemengen oder soss een drop opmierksam ze maache wéi de Staat d'Gesetzer interpetéiert. Eng Circulaire ass kee Gesetz. Et brauch also och net doriwwer jugéiert ze ginn. Den 1259/89 an den 2006/06 beruffe sech jo och dowéinst op d'Gesetzer déi et schonns laang gëtt (op internationalem an nationalem Plang). Resüméiert a vereinfacht soen dës Circulairen:

1. D'Amateuren hunn ee Recht Antennen opzeriichten.
2. Amateuren solle keng Schwieregkeeten dowéinst gemaach kréien.
3. Antennen kënne wéinst 3 Grënn limitéiert ginn: Sécherheet, Flugschneisen oder wëll se protégéiert Sitë verschampeléieren.

Een Amateur deen eng Antenn opriicht an op déi 3 Punkten oppasst soll also keng Problemer gemaach kréien.

Et muss een och éierlech mat sech selwer sinn a sech mol froen (wann e Problemer mat der Gemeng huet) op de Sträitpunkt just eng diskret Antenn ass oder éischter eng bombastesch Antennefarm wou de Noper mengt e géif niewent der SES wunnen. Am 1. Fall kritt den Amateur Recht. Am 2. Fall vläicht och, awer ass et wierklech néideg, a kinnt et net och anescht goen? Et muss och net ëmmer 59+++ sinn mäis 59 geet och vläicht duer?

_________________
73 de Marc LX1OM
Back to top
View user's profile Visit poster's website Photo Gallery
LX1MA
Newbie


Joined: Apr 06, 2005
Posts: 9

PostPost subject: Re: Circulaire 2600/06
Posted: Sat Nov 25, 2006 12:06
Reply with quote

Salut alleguer, ech fannen de Marc, LX1OM, huet ganz Recht. Wann déi zoustännech Leit an de Gemengen och dee läschte Paragraphe liesen da gesinn se jo op d'manst dass do schon Autorisatiounen vum Environnement, vun der Inspection du Travail et des Mines a vum Institut Luxembourgeois de Régulation, also vun 3 staatlech Administratiounen, erfuerderlech sin. Wann een da nach Copien vun deenen Autorisatiounen bei d'Demande une d'Gemeng derbaileet, an déi Demande mecht iir een seng Antennen opriicht, da misst dat eigentlech klappen. Esou hun ech dat gemach fir mein 12m-Masten mat 3 Element Beam.
Back to top
View user's profile Send e-mail
LX1RA
Strong Poster


Joined: Mar 19, 2005
Posts: 90

PostPost subject: Re: Circulaire 2600/06
Posted: Sat Nov 25, 2006 15:10
Reply with quote

Salut,

Ech kann dem Armand an dem Marc nemmen Recht gin, d' Autorisation muss gefroot gin eier een iwerhaapt
den eichten Spatenstich mescht.
Als allereischt Uebung steht awer, an dat daerf net vergies gin, den Studium vum lokalen Bautenreglement.
An do fängt den Misere un, mir hun 116 Gemengen an 116 verschieden Bautenregelementer
(Reglement des Betises (pardon Bâtisses))
Do steht dann, wei z.b. zu Jonglënster, dran dat naicht mei heich wei Corniche vum Haus gebaut daerf gin
( an der moyene 9 meter ) fir z.b. een Mast.
Alles wat gebaut get muss 3 meter vum Noper sengem Terrain weg sin,
den Volumen den Verbaut get (CMU) daerf nemmen 25% vum Terrain sin
ass dat net den Fall muss een PAP
( Plan d'amenagement particulier ) ungefroot gin.
hei een Fallbeispill:
Een Hausbesetzer huet een Haus mat 3,9 ar Terrain
huet e Gaard vun 7,5 x 7 m surface
do bleiwt net mei vill iwereg fir een 12 meter Mast an een x-element Beam
ze bauen, dervun ofgesin dat een Beam op der heicht vun der Cornich net
besonnesch effektiv ass, an den Drehradius immens anschränkt
w.e.g. soll elo keen den LX1RB zitteieren, dem seng Antenn stong schons
an den 70er,wou et dat Réglement nach net gin ass (1986).
Et get beim Antennenbau jidderfals eng Saach dei ganz wichteg ass, et brauch een Vill Plaatz,
an dei ass mettlerweilen hei an LX ganz deier........
55.000 bis 75.000 Euro den Ar sin bei 10 ar 550.000 bis 750.000 euro
fir dei die nach an Flux rechnen 22.388.644 bis 30.254.925 frangen
ouni een Haus drop.
Elo kann jiideren sech ausrechnen wat een muss rechnen fir auszegin fir mat engem sougenannten 59+++ Signal an der Lucht ze sin.
Fazit: den neien Radio-Amateur ass d'office Antennengeschiedegt oder hien ass aus ganz gudd gestalltem Haus, schued eigentlech
Back to top
View user's profile
Display posts from previous:   
Post new topic   Reply to topic   Printer Friendly Page    Forum Index All LX
Page 1 of 1
All times are GMT + 1 Hour



Jump to:  


You cannot post new topics in this forum
You cannot reply to topics in this forum
You cannot edit your posts in this forum
You cannot delete your posts in this forum
You cannot vote in polls in this forum
You cannot attach files in this forum
You can download files in this forum



RL - Luxembourg Amateur Radio Society

We are not responsible for comments posted by our users, as they are the property of the poster
© Radioamateurs du Luxembourg a.s.b.l. www.rlx.lu
Interactive software released under GNU GPL, Code Credits, Privacy Policy