|
Hëllef gesichtRTTY, Pactor, Amtor, SSTV, PSK31
| อ่านหัวข้อก่อนหน้า :: อ่านหัวข้อถัดไป |
| ผู้ตั้ง |
ข้อความ |
LX1WC


เข้าร่วม: May 04, 2013 ตอบ: 2
|
เรื่อง: Hëllef gesicht ตอบเมื่อ: Sun May 05, 2013 07:14 |
|
Moien alleguer,
Vläicht kann een mer mat folgenden Problem hëllefen:
Ech probéieren de Moment Digimodes (RTTY an PSK31) iwert den PC ze maan. Ma wann ech den Send-Knäppchen drécken, da geet zwar en Carrier raus, ma kee Signal.
D'Software déi ech an der Haaptsaach probéieren ass den MMTTY an den Winwarbler, ech hun ewer och schons den Dm780 probéiert mat dem selwigten Resultat.
Ech benotzen en ICOM 7600 deen jo och eegestänneg Digimores machen kann, an daat geet och: ech kann den Text an den ICOM antippen an direkt schécken. Daat funktionnéiert bei RTTY an PSK31 problemlos. Just eben d'Verbindung zum PC mecht Schwierigkeeten.
D'Verbindung selwer mecht de Moment en USB Kabel, an ech hun och schons mat engem SB2000 Soundkaarten-Modem probéiert. Ma och do war de Problem de selwegten: Carrier ma soss näischt.
Also wéi gesoot: ech wär fir all Iddi dankbar, well de Moment hun ech keng Ahnung méi waat et ka sinn ...
Ciao a merci am Viraus.
Claude (LX1WC)
|
|
| ขึ้นไปข้างบน |
|
|
LX1WC


เข้าร่วม: May 04, 2013 ตอบ: 2
|
เรื่อง: Re: Hëllef gesicht ตอบเมื่อ: Sun May 05, 2013 14:05 |
|
*** Problem geléist ***
Den Trick war den Data-Mode am Icom op USB ëmzestellen, an dann deen Modus amplaz RTTY/PSk ze gebrauchen... Handbuch liesen ass ewer heiansdo nëtzlech 
Claude
|
|
| ขึ้นไปข้างบน |
|
|
|
|
คุณไม่สามารถสร้างหัวข้อใหม่ คุณไม่สามารถพิมพ์ตอบ คุณไม่สามารถแก้ไขข้อความของคุณ คุณไม่สามารถลบข้อความของคุณ คุณไม่สามารถลงคะแนน You cannot attach files in this forum You cannot download files in this forum
|
|