HotSpot LX0RL

Lëtzebuergesch Bis ob Weideres ass den LX0RL HotSpot down.

Nodeems mir en gréisseren Waasser Schued zu Eesebur haten huet den Raspberry PI, deen den DVAP Dongel steiert et net gepackt.

Mir kucken op en nach ze retten ass, soss mussen mir den Board ersetzen.

 

LX0DRJ

Lëtzebuergesch Den 23 Abrëll 2014 um 9h40 ass den éischten 70cm D-Star Relais hei am Land  opgeschallt ginn.
Déi nächst 14 Deeg leeft den Relais an enger Testphase, wou mir kucken ob den HF Deel an den Kontroller esou schaffen wei erhofft.
Den DVC Working Group géif sech freeën, wann dir den Relais géift äifreg benotzen an eis Rapporten schécken fir dass mir gesinn wei d' Couverture ass.

Soulaang den Relais an der Testphase bedriwwen gëtt, bleiwen d' Internet Servicer wei DCS, CCS, DPLUS etc. nach ausgeschalt.

No der Testphase gin sämtlech Servicer ageschalt, an den Relais kann a vollem Ëmfang genotzt ginn.

LX Digipeaters

CALLSIGN TYPE TRX (MHz) BAUD QTH LOC INFO SYSOP
LX0PAC RMNC/Flexnet, TCP/IP 144.65
430.5
2.3 GHz
1k2
9k6
1Mb
Bourscheid JN39AV [44.161.9.110] LX1JU
LX1KQ
LX1TB
LX3GR
LX0PAC-8 BayBox BBS         wired to LX0PAC LX1JU
LX0PRG DX-Cluster         wired to LX0PAC
[44.161.3.120]
LX1JU
LX0IST XNET- Wormhole     Kirchberg JN39CP [44.161.1.101] LX1TB
LX0IST-7 DX-Cluster         wired to LX0IST LX1TB
LX0IST-8 BBS         wired to LX0IST LX1TB
LX0NET XNET - TCP/IP 430.55
2.3GHz
9k6
1Mb
Rodange JN29WM [44.161.4.100] LX1TB

 

IGATE

Lëtzebuergesch Durch eng Initiativ vum Jann DG8NGN, Thomas DL9SAU an Arsène LX1TB, gëtt ët elo en Node IGATE am Packet. Iwwert desen Node sinn praktesch all Statiounen am Flexnet weltwäit ze errechen. Verlinkt ass dëst Netz iwwert den Internet. Den Haapt-IGATE steet zu Nürnberg op der Uni, den Backup-IGATE leeft bei eis um RL-PC um IST (oder Uni Lëtzebuerg). Fir weider Informatiounen einfach mol e Connect op IGATE maachen an do den Help opruffen.

Hamnet LX

English The details of the current Luxembourg Hamnet infrastructure and its online status can be viewed here.

 

Digital Coordination: Arsène Thill LX1TB