Nei Adress fir d'Monatsversammlungen

Opgepasst - Attention - Achtung -  Attention!

Lëtzebuergesch Vun elo un sinn d'Monatsversammlungen vum RL zu Peppeng am San Marino!

Français Le local où se tiennent les réunions mensuelles du RL est à Peppange au San Marino!

Deutsch Die Monatsversammlungen des RL finden in Peppingen im San Marino statt!

English From now on, the new address of the monthly meetings is in Peppange!

 

Nei Adress - nouvelle adresse - neue Adresse - new address

Pizzeria San Marino
11 Rue de la Montagne
L-3391 PEPPANGE
 

YOTA Subregional Camp DL 2019

Lëtzebuergesch De Weekend vum 15. bis den 17. Mäerz 2019 fënnt den Youngsters On The Air Subregional Camp 2019 am Amateur Radio Center vum DARC zu Baunatal statt.

De Youngsters On The Air Program (YOTA) ass eng Initiativ vun der IARU fir jonkt Radio Amateuren zesummen engagéiern an si  bei hiren Aktivitéiten a Projeten  ze ënnerstëtzt.

Lëtzebuerg ass duerch den RL Member Erik LX6ES vertrueden.

AG 2019

D’Generalversammlung 2019 vum RL ass Sonndes den 10. Mäerz um 16:00 zu Gonnereng. D'Invitatiounen mat den Detailer kommen mat der Post.

Wéi déi lescht Joeren ass dat ganzt och mat engem Iessen no der AG kombinéiert. Denkt w.e.g. drun fir iech bis den 2. Mäerz fir d'Iessen unzemellen ().

De QSL Bureau ass och op der Assemblée Générale present an eis Membere kënnen hier Kaarten do ofhuelen an ofginn.

LX DX Toplist 2018

Lëtzebuergesch Et ass nees un der Zäit fir d' LX DX Toplist à jour ze setzen. Et ass nees jiddereen agelueden fir matzemaachen. Schéckt w.e.g. einfach den ausgefëllten Formulaire bis den 19. Januar 2019 un de Philippe LX2A. D'Resultater ginn duerno erëm am Bulletin an hei publizéiert.

Français Le moment de la mise à jour de la LX DX Toplist est de nouveau arrivé et tout le monde est invité à participer en envoyant le formulaire ci-dessous rempli à Philippe LX2A pour le 19 janvier 2019. Les résultats seront affichés plus tard dans le bulletin et sur le site.

LX DX Toplist Formulaire XLSX

Mir bauen den LX0FOUR

Lëtzebuergesch Während den nächste Club-Owender stinn d’Zesummebauen, d’Programméieren an d’Astellen vun eiser 4m Balise LX0FOUR unhand vun QRP LABS Kiten um Programm. Bei esou engem Projet ass fir all Amateurfunker oder déi, déi et wëlle ginn, eppes dobäi. Also zéckt nët fir déi nächste Club-Owender am RL Shack laanschtzekommen an matzehëllefen oder einfach nozekucken.

Français Durant les prochaines soirées club vous pourrez assister à l'assemblage, la programmation ainsi qu'au réglage final de notre balise 4m LX0FOUR à partir de kits provenant de QRP LABS. Donc n’hésitez pas à nous rendre visite au shack du RL tous les derniers vendredis du mois pour prêter main forte ou apprendre la radioélectricité de manière ludique.