Willkommen, Gast
Benutzername: Passwort: Angemeldet bleiben:
  • Seite:
  • 1

THEMA: Project DATV via QO-100

Project DATV via QO-100 24 Jan 2020 13:57 #555

Salut alleguer,
Wéi schons an engem Thread hei ugekënngt gouf ass zenter läschtem Joer am Februar den OSCAR 100 (QO-100) aktiv.
Et ass fir d'éischt an der Geschicht vum Radioamateur dass mir een geostationnairen Satellit domat op Orbit hun. Et ass souwuel Schmuelbandbetriib
wéi och DATV iwer den Satellit méigelech. Ech hun mech zenter deem intensiv domat befaasst fir do kennen mat DATV QRV ze goen.
Den Uplink ass am 13cm Band an den Downlink am X-Band. Couverture vun deem Satellit geet vun Brasilien bis Indien.
Vue dass ech nach guer keng Erfahrungen haat an deem Frequenzberäich a och guer keen equipement duerfir haat, waren eng Rei Hürden ze huelen bis et dann schlussendlech esouwäit war fir kennen daat éischt DVBS-2 Signal eropzeschéissen.
Hei sinn e puer etappen wéi meng Anlag entastaanen ass. Vun der Iddi bis zum färdegen Projet ass iwer ee Joer vergaangen.

Wann de comité d'accord ass wär ech gär bereed dozou een detailléierten Bericht an deem nächsten Bulletin dozou ze schreiwen.

73,
LX1LW (André)

  • André LX1LW
  • André LX1LWs Avatar Autor
  • Offline
  • Fresh Boarder
  • Fresh Boarder
  • Beiträge: 3
  • Dank erhalten: 0

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Project DATV via QO-100 30 Jan 2020 19:13 #558

Salut André,

Dat do ass mega intressant, Respekt.
Mir wären frou wanns du en Bericht doriwer an den Bulletin keins schreiwen.

Ech hoffen mir gesinn eis ob der AG, dann könne mir bëschen doriwer schwätzen.

73, Luc
  • Luc LX1IQ
  • Luc LX1IQs Avatar
  • Offline
  • Committee
  • Committee
  • Beiträge: 34
  • Dank erhalten: 15

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Project DATV via QO-100 31 Jan 2020 00:20 #561

Salut Luc,
Merci fir däin Interessen!
Ech hun de Bericht schon erangescheckt a misst am nächsten Bulletin kommen.
Sin net secher op ech dëst Joer op AG kommen kann. Mol kucken...
73,
André
  • André LX1LW
  • André LX1LWs Avatar Autor
  • Offline
  • Fresh Boarder
  • Fresh Boarder
  • Beiträge: 3
  • Dank erhalten: 0

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Project DATV via QO-100 31 Jan 2020 09:59 #562

ok, wär awer cool wanns du kéins kommen, well dat do intresséiert mesch extrem !
Wann nët, dann kommen ech, wann dat fir dëch ok wär, enkeier bei dir lanscht, mir déi Sach ukucken :-)

73, Luc
  • Luc LX1IQ
  • Luc LX1IQs Avatar
  • Offline
  • Committee
  • Committee
  • Beiträge: 34
  • Dank erhalten: 15

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Project DATV via QO-100 01 Feb 2020 20:32 #563

Salut Luc,
Esou oder esou, ech kommen op dech duer entweder op der AG oder duerno.
Ech kann just net wäit am viraus plangen well ech zwee kleng Kanner hun.
Et ass awer kee probleem fir wanns du dir d'Saach eemol wëlls ukucken kommen.
Mengen mir wunnen zimlech no beieneen, dann kann een och sur place e bessi fachsimplen.
73, André
  • André LX1LW
  • André LX1LWs Avatar Autor
  • Offline
  • Fresh Boarder
  • Fresh Boarder
  • Beiträge: 3
  • Dank erhalten: 0

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Project DATV via QO-100 12 Feb 2020 08:10 #566

Cool, merci.
Ech freen mesch schon.

73, Luc
  • Luc LX1IQ
  • Luc LX1IQs Avatar
  • Offline
  • Committee
  • Committee
  • Beiträge: 34
  • Dank erhalten: 15

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

  • Seite:
  • 1