JOTA-JOTI 2020

JOTA-JOTI 2018 Logo (small)

Wéi all Joer ass och dëst Joer erëm en JOTA / JOTI-Weekend bei de Scouten. De Weltdaachverband vum Scoutissem, de WOSM, huet och schonn di éischt Informatiounen zu dem weltwäit gréissten alljärlechen Scoutsevent eraus ginn. Et wäert net sou einfach ginn wéi di Jore virdrun wéinst deenen aktuelle COVID-19 Restriktiounen un déi mir eis all hale mussen. Mir probéieren d’Guiden an d’Scouten awer net ze enttäuschen a bidden hinnen eis Hëllef un.

Dofir hei och erëm en Opruff un all eis OM’en fir eis mat Know-How an Hëllef ze ënnerstëtzen. Dat ass dëst Joer nach méi wichteg wéi soss di Joren virdrun well mir deene Jugendlechen awer e Gefill vu Sécherheet an Normalitéit vermëttele wëllen. D’Radio Amateurs du Luxembourg (RL) ass den  eenzege Lëtzebuerger vun der IARU unerkannte Radioamateurveräin a steet och dëst Joer dem Scouting in Luxembourg (FNEL an LGS) erëm bäi fir de JOTA. Mir hëllefen net nëmmen an gudden Zäiten mäi och an schwieregen Zäiten wéi och an Noutfäll. Mir vertrauen dem Scouting in Luxembourg ganz dass si de JOTA wéi déi honnerten aner Scoutsaktivitéiten déi während der COVID Zäit waren (mat Autorisatioun vun der Santé) am Respekt vun den sanitäre Reegelen duerchféieren. Mir setzen als Spezialisten vum Funk eis Kompetenz allzäit  gär an, fir der gréisster Jugendorganisatioun ze hëllefen.

Di ganz Aktivitéit ass wéi ëmmer eng Zesummenaarbecht tëschent dem RL, der LGS an der FNEL, d’Koordinatioun mécht de JOTA-Team vum SIL. Kuckt iech heifir am Internet d’Säit vum JOTA-Team un: www.jotajoti.lu. Hei fënnt een ëmmer di aktuellsten Informatiounen. Umeldungsschluss ass den 7. Oktober. De Weekend selwer ass wéi gewinnt, den drëtte Weekend am Oktober, dëst Joer also vum 16. op den 18. Oktober.

QSL Bureau Drive-in

Lëtzebuergesch Op Grond vum aktuellen Interesse a Succès vun eisem Drive-in Service fir QSLs Kaarten ofzeginn oder ewech ze huele fuere mir domadder weider. Dëst da wéi elo scho gewinnt all leschte Freideg am Mount zu Eesebour, ab 19:30 Auer.

Denkt awer un äre Mask. Et gëtt och nach ëmmer kee Club Owend a kee Gedrénks dee Moment.

Déi nächst Datumer sinn den 25.09.2020 an 30.10.2020.

Français Vu le grand succès de notre service de drive-in pour la distribution et la reprise des cartes QSL nous avons décidé de continuer à proposer cette offre à nos membres. Le tout se déroulera comme d'habitude à Eisenborn dans notre Shack à partir de 19h30.

N'oubliez pas votre masque. Il n'y aura pas de réunion dans le Shack et pas de distribution de boissons.

Les prochaines dates sont le 25.09.2020 et 30.10.2020.

Monatsversammlung zu Peppeng (ENDLECH! - ENFIN!)

Monatsversammlung zu Peppeng (ENDLECH!)

Lëtzebuergesch Et gëtt endlech eng gutt Nouvelle! No Récksprooch mat dem Proprietaire vum San Marino zu Peppeng ass et erëm méiglech eis traditionell Monatsversammlung do ofzehalen an eis all erëm ze gesinn. Och wann dat Ganzt nach mat folgenden Restriktioune geschitt, un déi mir eis ganz strikt hale mussen.

Mir kréien zwee Dëscher zur Verfügung gestallt, wou all Kéier maximum 10 Leit dru sëtzen däerfen. Mir mussen während eisem ganzen Openthalt am Restaurant andauernd eise Mask unhunn, ausser där Zäit wou mir beim Dësch sëtzen.

Vu dass d’Plazen limitéiert sinn musse mir eis am Viraus umellen, dëst entweder per Mail op oder per Telefon um 621362322 beim Jean-Claude. Deem entspriechend sinn di éischt 20 dann derbäi.

Den nächste Rendez-Vous zu Peppeng ass also den 7. Oktober, sou wéi gewinnt ëm 19:30 Auer. Mir freeën eis schonn drop iech all erëm ze gesinn.
 

Réunion mensuelle à Peppange (ENFIN!)

Français Il y a enfin de bonnes nouvelles! Après consultation avec le propriétaire du San Marino à Peppange, il nous est à nouveau possible d'y organiser notre réunion mensuelle et traditionnelle afin de nous y revoir tous. Même si tout cela devra se passer avec les restrictions suivantes, auxquelles nous devons tous nous conformer très strictement.

Nous disposons de deux tables, où à chaque fois au maximum 10 personnes peuvent s'asseoir. Nous devons tous porter notre masque pendant tout notre séjour au restaurant, sauf au moment où nous sommes assis à table.

Les places étant limitées, nous devons nous inscrire à l'avance, soit par email à , soit par téléphone au 621362322 chez Jean-Claude. Ainsi, seulement les 20 premiers seront acceptés.

La prochaine réunion à Peppange aura donc lieu le 7 octobre, à 19h30, comme d'habitude. Nous sommes déjà impatients de vous y revoir tous.

RL Cours fir de Radio-Amateur Examen

Lëtzebuergesch Den RL organiséiert och dëst Joer nees ee Cours fir de Radio-Amateur Examen.

De Cours op Lëtzebuergesch ass all Méindes an Donneschdes vun 19:00 bis 20:30 Auer. En ass fir all Altersklass a fänkt den 28. September 2020 un.

De Cours ass am Lycée Technique du Centre um Lampertsbierg.

Den Examen vum ILR fir de "Certificat d'opérateur-amateur radio" gëtt den 8. Februar 2021 ofgehalen.

Fir weider Informatiounen a fir iech unzemellen, klickt w.e.g. hei.

Cours Radioamateur

Cours fir de Radio-Amateur Examen

Lëtzebuergesch Den RL organiséiert all Joer, an Zesummenaarbecht mam Service National de la Jeunesse (SNJ), ee Cours fir de Radio-Amateur Examen. De Cours fir all Altersklass ass op Lëtzebuergesch a fänkt am September un. Den Examen vum ILR fir den 'Certificat d'opérateur-amateur radio' gëtt den 8. Februar 2021 ofgehalen.

Course for the radio amateur-operator certificate

English The 'Radioamateurs du Luxembourg' (RL), in collaboration with the National Youth Service (Service National de la Jeunesse), is organising a course for the preparation to the examination for the radio amateur-operator certificate. The course will be held in luxembourgish and will start in September.

Cours pour l'obtention du certificat d'opérateur-amateur radio

Français Les 'Radioamateurs du Luxembourg' (RL), en collaboration avec le 'Service National de la Jeunesse' (SNJ), organisera de nouveau à partir de septembre un cours de préparation en langue luxembourgeoise  à l'examen pour l'obtention du certificat d'opérateur-amateur radio.

Resultater vum Funkamateur Examen 2020

Lëtzebuergesch Den RL ass frou kënnen matzedeelen dass all d' Kandidaten, déi sech beim RL an den Préparatiouns’ Cour fir den Funkamateur Examen 2019-2020 ageschriwwen haten, an deen am Januar vum ILR oofgehal gouf, dësen och gepackt hunn!

Vun eiser Säit aus Félicitatiounen un all déi nei Funkamateuren, déi och an der Tëschenzäit hier nei Ruffzeechen kruten.

Vill Spaass beim Hobby an mir hoffen iech demnächst op de Bänner ze héieren.

Wéi all Joers, wäert den RL dann och nees en Préparatiouns' Cour am Hierscht 2020-2021 organiséieren. Weider Détailer kommen no.

2020

  • LX1BF- Frank
  • LX1LC - Claude
  • LX1PSI - Patrice
  • LX2AS - Alain
  • LX2LU - Alain
  • LX2WM - Marc
  • LX3OO - Darach
  • LX6AP - André