JOTA-JOTI 2020

JOTA-JOTI 2018 Logo (small)

Wéi all Joer ass och dëst Joer erëm en JOTA / JOTI-Weekend bei de Scouten. De Weltdaachverband vum Scoutissem, de WOSM, huet och schonn di éischt Informatiounen zu dem weltwäit gréissten alljärlechen Scoutsevent eraus ginn. Et wäert net sou einfach ginn wéi di Jore virdrun wéinst deenen aktuelle COVID-19 Restriktiounen un déi mir eis all hale mussen. Mir probéieren d’Guiden an d’Scouten awer net ze enttäuschen a bidden hinnen eis Hëllef un.

Dofir hei och erëm en Opruff un all eis OM’en fir eis mat Know-How an Hëllef ze ënnerstëtzen. Dat ass dëst Joer nach méi wichteg wéi soss di Joren virdrun well mir deene Jugendlechen awer e Gefill vu Sécherheet an Normalitéit vermëttele wëllen. D’Radio Amateurs du Luxembourg (RL) ass den  eenzege Lëtzebuerger vun der IARU unerkannte Radioamateurveräin a steet och dëst Joer dem Scouting in Luxembourg (FNEL an LGS) erëm bäi fir de JOTA. Mir hëllefen net nëmmen an gudden Zäiten mäi och an schwieregen Zäiten wéi och an Noutfäll. Mir vertrauen dem Scouting in Luxembourg ganz dass si de JOTA wéi déi honnerten aner Scoutsaktivitéiten déi während der COVID Zäit waren (mat Autorisatioun vun der Santé) am Respekt vun den sanitäre Reegelen duerchféieren. Mir setzen als Spezialisten vum Funk eis Kompetenz allzäit  gär an, fir der gréisster Jugendorganisatioun ze hëllefen.

Di ganz Aktivitéit ass wéi ëmmer eng Zesummenaarbecht tëschent dem RL, der LGS an der FNEL, d’Koordinatioun mécht de JOTA-Team vum SIL. Kuckt iech heifir am Internet d’Säit vum JOTA-Team un: www.jotajoti.lu. Hei fënnt een ëmmer di aktuellsten Informatiounen. Umeldungsschluss ass den 7. Oktober. De Weekend selwer ass wéi gewinnt, den drëtte Weekend am Oktober, dëst Joer also vum 16. op den 18. Oktober.

Monatsversammlung zu Peppeng (ENDLECH! - ENFIN!)

Monatsversammlung zu Peppeng (ENDLECH!)

Lëtzebuergesch Et gëtt endlech eng gutt Nouvelle! No Récksprooch mat dem Proprietaire vum San Marino zu Peppeng ass et erëm méiglech eis traditionell Monatsversammlung do ofzehalen an eis all erëm ze gesinn. Och wann dat Ganzt nach mat folgenden Restriktioune geschitt, un déi mir eis ganz strikt hale mussen.

Mir kréien zwee Dëscher zur Verfügung gestallt, wou all Kéier maximum 10 Leit dru sëtzen däerfen. Mir mussen während eisem ganzen Openthalt am Restaurant andauernd eise Mask unhunn, ausser där Zäit wou mir beim Dësch sëtzen.

Vu dass d’Plazen limitéiert sinn musse mir eis am Viraus umellen, dëst entweder per Mail op oder per Telefon um 621362322 beim Jean-Claude. Deem entspriechend sinn di éischt 20 dann derbäi.

Den nächste Rendez-Vous zu Peppeng ass also den 7. Oktober, sou wéi gewinnt ëm 19:30 Auer. Mir freeën eis schonn drop iech all erëm ze gesinn.
 

Réunion mensuelle à Peppange (ENFIN!)

Français Il y a enfin de bonnes nouvelles! Après consultation avec le propriétaire du San Marino à Peppange, il nous est à nouveau possible d'y organiser notre réunion mensuelle et traditionnelle afin de nous y revoir tous. Même si tout cela devra se passer avec les restrictions suivantes, auxquelles nous devons tous nous conformer très strictement.

Nous disposons de deux tables, où à chaque fois au maximum 10 personnes peuvent s'asseoir. Nous devons tous porter notre masque pendant tout notre séjour au restaurant, sauf au moment où nous sommes assis à table.

Les places étant limitées, nous devons nous inscrire à l'avance, soit par email à , soit par téléphone au 621362322 chez Jean-Claude. Ainsi, seulement les 20 premiers seront acceptés.

La prochaine réunion à Peppange aura donc lieu le 7 octobre, à 19h30, comme d'habitude. Nous sommes déjà impatients de vous y revoir tous.

DATV via QO-100

DATV via QO-100

Erfahrungsbericht von LX1LW

Es war am 15.November 2018 dass der 5,3t schwere Satellit Es’hail-2 oder auch noch als QO-100 (Quatar-OSCAR 100) bekannt auf Orbit geschossen wurde. Er erreichte seine endgültige Position auf 26° Ost im Februar 2019. Von da an steht uns erstmalig in der Geschichte des Amateurfunk ein geostationärer Satellit zur Verfügung. Er hat neben Ku- und Ka-Band Transponder für Satellitenfernsehen auch S- und X-Band Transponder für den Amateurfunk an Bord. Der Footprint erstreckt sich von Brasilien über den Afrikanischen Kontinent bis nach Thailand hin.

Nei Adress fir d'Monatsversammlungen

Opgepasst - Attention - Achtung -  Attention!

Lëtzebuergesch Vun elo un sinn d'Monatsversammlungen vum RL zu Peppeng am San Marino.

Français Le local où se tiennent les réunions mensuelles du RL est à Peppange au San Marino.

Deutsch Die Monatsversammlungen des RL finden ab jetzt in Peppingen im San Marino statt.

English From now on, the new address of the monthly meetings is in Peppange.

 

Nei Adress - nouvelle adresse - neue Adresse - new address

Pizzeria San Marino
11 Rue de la Montagne
L-3391 PEPPANGE

 

YOTA Subregional Camp DL 2019

Lëtzebuergesch De Weekend vum 15. bis den 17. Mäerz 2019 fënnt den Youngsters On The Air Subregional Camp 2019 am Amateur Radio Center vum DARC zu Baunatal statt.

De Youngsters On The Air Program (YOTA) ass eng Initiativ vun der IARU fir jonkt Radio Amateuren zesummen engagéiern an si  bei hiren Aktivitéiten a Projeten  ze ënnerstëtzt.

Lëtzebuerg ass duerch den RL Member Erik LX6ES vertrueden.