2020

  • JOTA-JOTI 2020

    JOTA-JOTI 2018 Logo (small)

    Wéi all Joer ass och dëst Joer erëm en JOTA / JOTI-Weekend bei de Scouten. De Weltdaachverband vum Scoutissem, de WOSM, huet och schonn di éischt Informatiounen zu dem weltwäit gréissten alljärlechen Scoutsevent eraus ginn. Et wäert net sou einfach ginn wéi di Jore virdrun wéinst deenen aktuelle COVID-19 Restriktiounen un déi mir eis all hale mussen. Mir probéieren d’Guiden an d’Scouten awer net ze enttäuschen a bidden hinnen eis Hëllef un.

    Dofir hei och erëm en Opruff un all eis OM’en fir eis mat Know-How an Hëllef ze ënnerstëtzen. Dat ass dëst Joer nach méi wichteg wéi soss di Joren virdrun well mir deene Jugendlechen awer e Gefill vu Sécherheet an Normalitéit vermëttele wëllen. D’Radio Amateurs du Luxembourg (RL) ass den  eenzege Lëtzebuerger vun der IARU unerkannte Radioamateurveräin a steet och dëst Joer dem Scouting in Luxembourg (FNEL an LGS) erëm bäi fir de JOTA. Mir hëllefen net nëmmen an gudden Zäiten mäi och an schwieregen Zäiten wéi och an Noutfäll. Mir vertrauen dem Scouting in Luxembourg ganz dass si de JOTA wéi déi honnerten aner Scoutsaktivitéiten déi während der COVID Zäit waren (mat Autorisatioun vun der Santé) am Respekt vun den sanitäre Reegelen duerchféieren. Mir setzen als Spezialisten vum Funk eis Kompetenz allzäit  gär an, fir der gréisster Jugendorganisatioun ze hëllefen.

    Di ganz Aktivitéit ass wéi ëmmer eng Zesummenaarbecht tëschent dem RL, der LGS an der FNEL, d’Koordinatioun mécht de JOTA-Team vum SIL. Kuckt iech heifir am Internet d’Säit vum JOTA-Team un: www.jotajoti.lu. Hei fënnt een ëmmer di aktuellsten Informatiounen. Umeldungsschluss ass den 7. Oktober.De Weekend selwer ass wéi gewinnt, den drëtte Weekend am Oktober, dëst Joer also vum 16. op den 18. Oktober.

  • LX HF Marathon 2020

    Lëtzebuergesch Den RL invitéiert erëm all seng Memberen nees beim LX HF Marathon 2020 matzemaachen. Nei: Phonie an Digi sinn elo getrennt.

    Français L'association "Radioamateurs du Luxembourg" (RL) invite tous ses membres à participer à l’édition 2020 du LX HF Marathon. Nouveau: Phonie et Digi sont maintenant indépendants.

    English The "Radioamateurs du Luxembourg" (RL) invites all its members to participate in the 2020 edition of the LX HF Marathon. New: Phone and Digi are now separated.

    Deutsch Wir laden alle unsere Mitglieder ein am diesjährigen LX HF Marathon 2020 teilzunehmen. Neu: Phonie und Digi sind jetzt getrennt.

    English Rules (pdf)
    Français Règlement (pdf)

  • Monatsversammlung zu Peppeng (ENDLECH! - ENFIN!)

    Monatsversammlung zu Peppeng (ENDLECH!)

    Lëtzebuergesch Et gëtt endlech eng gutt Nouvelle! No Récksprooch mat dem Proprietaire vum San Marino zu Peppeng ass et erëm méiglech eis traditionell Monatsversammlung do ofzehalen an eis all erëm ze gesinn. Och wann dat Ganzt nach mat folgenden Restriktioune geschitt, un déi mir eis ganz strikt hale mussen.

    Mir kréien zwee Dëscher zur Verfügung gestallt, wou all Kéier maximum 10 Leit dru sëtzen däerfen. Mir mussen während eisem ganzen Openthalt am Restaurant andauernd eise Mask unhunn, ausser där Zäit wou mir beim Dësch sëtzen.

    Vu dass d’Plazen limitéiert sinn musse mir eis am Viraus umellen, dëst entweder per Mail op oder per Telefon um 621362322 beim Jean-Claude. Deem entspriechend sinn di éischt 20 dann derbäi.

    Den nächste Rendez-Vous zu Peppeng ass also den 7. Oktober, sou wéi gewinnt ëm 19:30 Auer. Mir freeën eis schonn drop iech all erëm ze gesinn.
     

    Réunion mensuelle à Peppange (ENFIN!)

    Français Il y a enfin de bonnes nouvelles! Après consultation avec le propriétaire du San Marino à Peppange, il nous est à nouveau possible d'y organiser notre réunion mensuelle et traditionnelle afin de nous y revoir tous. Même si tout cela devra se passer avec les restrictions suivantes, auxquelles nous devons tous nous conformer très strictement.

    Nous disposons de deux tables, où à chaque fois au maximum 10 personnes peuvent s'asseoir. Nous devons tous porter notre masque pendant tout notre séjour au restaurant, sauf au moment où nous sommes assis à table.

    Les places étant limitées, nous devons nous inscrire à l'avance, soit par email à , soit par téléphone au 621362322 chez Jean-Claude. Ainsi, seulement les 20 premiers seront acceptés.

    La prochaine réunion à Peppangeaura donc lieu le 7 octobre, à 19h30, comme d'habitude. Nous sommes déjà impatients de vous y revoir tous.

  • Resultater vum Funkamateur Examen 2020

    Lëtzebuergesch Den RL ass frou kënnen matzedeelen dass alld' Kandidaten, déi sech beim RL an den Préparatiouns’ Cour fir den Funkamateur Examen 2019-2020 ageschriwwen haten, an deen am Januar vum ILR oofgehal gouf, dësen och gepackt hunn!

    Vun eiser Säit aus Félicitatiounen un all déi nei Funkamateuren, déi och an der Tëschenzäit hier nei Ruffzeechen kruten.

    Vill Spaass beim Hobby an mir hoffen iech demnächst op de Bänner ze héieren.

    Wéi all Joers, wäert den RL dann och nees en Préparatiouns' Cour am Hierscht 2020-2021 organiséieren. Weider Détailer kommen no.

    2020

    • LX1BF- Frank
    • LX1LC - Claude
    • LX1PSI - Patrice
    • LX2AS - Alain
    • LX2LU - Alain
    • LX2WM - Marc
    • LX3OO - Darach
    • LX6AP - André
  • RL QST Emissiounen 2020

    Lëtzebuergesch Hei fannt dir d'QST Emissiounen vum RL vun 2020.