RL Versammlung

Clubowend zu Peppeng

Lëtzebuergesch Leider ass et momentan nach ëmmer nët méiglech dass mir eise Clubowend zu Peppeng ofhalen, engersäits well dat rechtlech organisatoresch nach net méiglech ass an anerersäits well mir eis jo och net onnëtz engem Risiko aussetze wëllen. Viraussiichtlech wäert dat nach e bëssen daueren, mat vill Optimismus hu mir mol geplangt eventuell Mëttwochs den 2. September do erëm eng gewëssen Normalitéit erëm ze gewannen a fir eis dann do erëm kënnen ze treffen.

Mee, fir eis dann awer bis dohin trotzdem weider op d’mannst ze héieren, fuere mir weider mat eisem virtuellen Club Owend um éischte Mëttwoch vum Mount wou mir eis um Relais LX0LU ab 19.30 Auer treffen.

Avis aux amateurs, dat am wuertwiertlechen Sënn.

Soirée Club à Peppange

Français Malheureusement, pour le moment, il n'est toujours pas possible d'organiser notre soirée club à Peppange, d'une part parce que dans notre cadre habituel ce n'est pas légalement possible , en plus nous ne voulons pas risquer quoi que ce soit. Probablement  ceci durera encore un certain temps, avec beaucoup d'optimisme nous avons prévu de retrouver une certaine normalité à partir du mercredi 2 septembre pour nous revoir à Peppange.

Mais pour rester au courant, nous continuons toujours avec notre soirée club virtuelle le premier mercredi du mois et nous nous retrouvons sur le Relais LX0LU à partir de 19h30.

Avis aux amateurs, ceci au sens littéraire du mot.

 

Relais LX0LU freq: 145.700 MHz
Shift:-600 kHz CTCSS-Tone: 123Hz

DATV via QO-100

DATV via QO-100

Erfahrungsbericht von LX1LW

Es war am 15.November 2018 dass der 5,3t schwere Satellit Es’hail-2 oder auch noch als QO-100 (Quatar-OSCAR 100) bekannt auf Orbit geschossen wurde. Er erreichte seine endgültige Position auf 26° Ost im Februar 2019. Von da an steht uns erstmalig in der Geschichte des Amateurfunk ein geostationärer Satellit zur Verfügung. Er hat neben Ku- und Ka-Band Transponder für Satellitenfernsehen auch S- und X-Band Transponder für den Amateurfunk an Bord. Der Footprint erstreckt sich von Brasilien über den Afrikanischen Kontinent bis nach Thailand hin.

World Amateur Radio Day 2020

Lëtzebuergesch Den 18 Abrëll 1925, also virun 95 Joer hunn sech Amateur Funk Pionéier zu Paräis getraff vir d’IARU ze grënnen. Enner den 23 Natiounen déi vertrueden waren, waren och 3 Lëtzebuerger. Dofir gëtt all Joer dorun erënnert an et sinn verschidden Ruffzeechen mat dem Suffix WARD op de Bänner ze héieren. Lëtzebuerg ass dëst Joer mat dem Ruffzeechen LX5WARD vertrueden.

All RL Member ass heimat invitéiert dat Sonderrufzeechen ze schaffen oder selwer domat aktiv ze ginn. Einfach beim Manager LX1JH Jean-Marie nofroen andeems dir eng Email un maacht.
 
Weider Info zum WARD fannt dir um Site vun der IARU, op qrz.com vun LX5WARD an op Twitter #WorldAmateurRadioDay
 
English Every April 18, radio amateurs worldwide take to the airwaves in celebration of World Amateur Radio Day. It was on this day in 1925 that the International Amateur Radio Union was formed. The founders met in Paris in April 1925. The founding of the International Amateur Radio Union took place during a memorable session at the Sorbonne in which 23 nations were represented, including Luxembourg with LX1AS (Dr. Auguste Schumacher), LX1JW (Jean Wolff) and LX1AF (Jean de la Fontaine).
 
This year, Luxembourg will participate with the callsign LX5WARD which will be on the air from 6th to 26th April 2020.
 
RL Members can apply for the callsign by dropping an email to the manager LX1JH Jean-Marie ().
 
You'll find more informations about the WARD at IARU,  qrz.com LX5WARD or Twitter #WorldAmateurRadioDay
 
 

ARDF 2019 - RL Fuussejuegd / RL Fox hunt

ARDF

Lëtzebuergesch Den nationalen ARDF Event vum RL den 1. September fënnt dëst Joer zu Grousbous statt. D'Fuussejuegd wäert wéi di lescht Joeren rëm am 80m Band sinn.

Start an Arrivé ass um Parking op der N12 bei Grousbous:
http://g-o.lu/3/thfP
GPS: 5° 57′ 19,6″ E, 49° 50′ 25,4″ N
Déi éischt Départen sinn um 10:00. Wann d'Participants-Zuelen ähnlech si wéi d'läscht Joer, wier et gutt wann déi läscht Départen spéitstens um 11:00 wieren (den Zäit-Limit vun der Fussejuegd ass 2 Stonnen). Leit déi net grad sou sportlech sinn, kennen och een Deel vum Parcours maachen an eng méi kleng Zuel vu Sendere sichen.

Intresséiert Leit déi am Viraus wëllen Informatioune kréien (e.g. falls et misst kuerzfristeg aus wieder-technesche Grënn ofgesot ginn) kenne sech lo scho beim ARDF Working Group umellen (), mir wäerten awer och hei op der Homepage Informatioune ginn. Natierlech kann och jiddereen Sonndes einfach op d'Plaz kommen a sech nach do aschreiwen fir mat ze maachen. Op der Plaz wäert och fir Leit déi sech nach net sou mat der Thematik auskennen eng kleng praktesch Introduktioun gemaach ginn, well d’Sendere jo souwisou op der Plaz sinn, fir dann “hors compétition” der een oder zwee ze sichen.

LX8HQ IARU HF Championship 2019

Lëtzebuergesch De Weekend vum 13-14 Juli 2019 huet den RL nees mat der Headquarter Statioun LX8HQ am IARU HF Championship 2019 matgemaach.

Et ass vum RL Shack aus gefunkt an am Ganzen ronn 1500 QSO'en gemaach ginn.

LX8HQ 2019 Team (v.l.n.r.): Thorsten DG3KBQ, Jean-Luc F1ULQ, Mich LX1KQ, Mendaly LX2VY, Jean-Marie LX1JH, Heng LX1HD