61th jamboree on the air

English During the 61th JOTA (October 19-21 2018)  HB9S, the headquarter station of the World Scout Bureau, will be on the air as LX9S!

The Scouts Federation of Luxembourg (FNEL), has invited HB9S with the support of the RL (Radioamateurs du Luxembourg), to take part to the JOTA-JOTI weekend in Luxembourg (JN39BO) and to operate with the callsign LX9S.

Among other modes, LX9S will also be QRV in D-Star and DMR.
You can find the special event station on "XLX270 J" and "BM TG27063".
An interlink with live transcoding between the "BM TG27063" and "XLX270 J" has been set up.

JOTA-JOTI 2018

JOTA-JOTI 2018 Logo (small)

 

Wéi all Joer fënnt och dësen Oktober rëm den Jamboree on the Air an den Jamboree on the Internet statt. Bei de Scouten steet also weltwäit vum 19. bis den 21. Oktober Kommunikatioun mat Kollegen aus aller Welt um
Programm, ënner anerem op deene verschiddene Funkamateur-Bänner.


Aktuell Informatiounen iwwer den JOTA zu Lëtzebuerg fënnt een enner http://www.jotajoti.lu/ beim Scouting in Luxembourg Aarbechtsgrupp Alexander Graham Bell.

SaarLorLux-Treffen 2018 LX8SAR

Wéi schonn am Bulletin ugekënnegt ass d’SaarLorLux Treffen dëst Joer vu Freides dem 15. bis Sonndes dem 17. Juni zu Weicherdang am SNJ Jugendzentrum.
Dir sidd wëllkomm fir do ee flotte Weekend mat de Kollegen aus der Groussregioun ze verbréngen, oder si dohi besichen ze goen. Et wäert natierlech eng Statioun opgeriicht ginn, fir QSOen op deene verschiddene Bänner ze maachen.
Folgende Programm ass fir déi 3 Deeg zu Lëtzebuerg geplangt:

Ham Radio 2017

Lëtzebuergesch Wéi déi lescht Joeren ass den RL och dëst Joer rëm mat engem flotte Stand mat e puer Neierungen op der HamRadio zu Friedrichshafen vertrueden.

Den DVC Working Group stellt ebenfalls seng nei Entwéckelungen op der Platz vir.

D’Ausstellung um Bodensee ass vu Freides dem 14. bis Sonndes dem 16. Juli. Dir sidd all häerzlech Wëllkomm eis op de Stand A1-848 an der Hal A1 besichen ze kommen.

English Like the previous years, the RL is participating from the 14th to 16th July 2017 at the Hamradio fair in Friedrichshafen.

Feel free to visit us at our stand A1-848 in hall A1 where you can get an insight to the new developments from our digital voice group.

IARU HF Contest

Och dëst Joer mécht den RL vu Samschdes 8. Juli 14 Auer lokal Zäit bis Sonndes 9. Juli 14 Auer beim IARU HF Championship mat der LX Headquarter-Statioun LX8HQ mat. Dëst Joer wäert des Statioun vun Eschduerf aus QRV sinn. Memberen déi wëllen de Club op deene verschiddene Bänner vertriede solle sech w.e.g. beim Mich LX1KQ (Email: ) melle fir ze kucke wéini se kéinten op enger vun de Statioune funken. Et ass och kee Problem fir nëmme während enger kuerzer Period (1 oder 2 Stonnen) mat ze maachen. Och Leit déi nach ni ee Contest mat gemaach hu sinn häerzlech wëllkomm.

SaarLorLux-Treffen LX8SAR

Wéi schonn am Bulletin ugekënnegt ass d’SaarLorLux Treffen dëst Joer vu Freides dem 16. bis Sonndes dem 18. Juni zu Weicherdang am SNJ Jugendzentrum. Dir sidd wëllkomm fir do ee flotte Weekend mat de Kollegen aus der Groussregioun ze verbréngen, oder si dohi besichen ze goen. Et wäert natierlech eng Statioun opgeriicht ginn, fir QSOen op deene verschiddene Bänner ze maachen. Folgende Programm ass fir déi 3 Deeg zu Lëtzebuerg geplangt:

  • Freides, 16. Juni, Arrivée a Begréissung sou wéi Funkbetrib mam Sonderruffzeechen "LX8SAR".
  • Samschdes, 17. Juni, um 10 Auer Visite vun engem Musée zu Dikkrich.
  • Um 19 Auer Hamfest am Jugendzentrum vu Weicherdang.
  • Sonndes, 18. Juni ass ee gemeinsamt Mëttegiessen
  • Dono géint 15 Auer wäerten d’Leit sech dann op den Heemwee maachen.

Falls dir och am Jugendzentrum wëllt schlofen, kennt der iech beim Heinz DK4XC () mellen.