Resultater Radioamateurs Examen 2017

Dëst Joer hate sech 14 Kandidaten fir de Funkamateur-Examen deen den 23. Januar beim ILR ofgehal ginn ass ugemellt, wouvun der 12 sech presentéiert hunn. Dëst waren der 7 fir d'HAREC-Lizenz an 5 fir d'NOVICE-Lizenz.

Demnächst wäerten 6 nei HAREC Amateuren op de Bänner ze héiere sinn, an 3 Novicen. 2 Novicen an 1 HAREC krute leider een Noexamen.

Mëttlerweil krute mer e puer Ruffzeeche matgedeelt déi wäerten assignéiert ginn, d’Lizenze sinn de Moment wou desen Artikel geschriwwe ginn ass awer nach net ausgestallt:

  • Valérie LX1SV
  • Tom LX1TP
  • Antonio LX1VS

Dat neit Reglement F16/02/ILR vum 18. Mäerz 2016 vum ILR iwwer d’Prefixen ass och dëst Joer fir déi nei Ruffzeechen applizéiert ginn.

Mir wënsche si all wëllkomm am neien Hobby.

D-Star Relais - LX0DRN

Lëtzebuergesch Den neien D-Star Relais zu Nacher leeft zanter e puer Wochen lo mam definitive Ruffzeechen LX0DRN. Leit déi dat temporärt Ruffzeechen an hirem Gerät aprogramméiert haten während der Test-Phase, mussen dëst dann lo duerch LX0DRN ersetzen.

 

ARDF 2018 - National Fuussejuegd / National fox hunt

Lëtzebuergesch Den nationalen ARDF Event den 9. September fënnt dest Joer zu Strossen an am Bambësch statt. D'Fuussejuegd wäert wéi di lescht Joeren rëm am 80m Band sinn.

Start an Arrivé ass um Parking beim Kaleknapp:
http://g-o.lu/3/0Hon
GPS: 6.06964 E, 49.63207 N
(d’Entree ass iwwer d’Stross déi hannert dem Rond-Point bei der Autobunn-Opfahrt rageht, wann ee Richtung Bridel fiert).

Déi éischt Départen sinn um 10:00. Wann d'Participants-Zuelen ähnlech si wéi d'läscht Joer, wier et gutt wann déi läscht Départen spéitstens um 11:00 wieren (den Zäit-Limit vun der Fussejuegd ass 2 Stonnen). Intresséiert Leit déi am Viraus wellen Informatioune kréien (e.g. falls et misst kuerzfristeg aus wieder-technesche Grënn ofgesot ginn) kenne sech lo scho beim ARDF Working Group umellen (), mir wäerten awer och hei op der Homepage Informatioune ginn. Natirlech kann och jiddereen Sonndes einfach op d'Plaz kommen a sech nach do aschreiwen fir mat ze maachen.

LX DX Toplist 2018

Lëtzebuergesch Et ass nees un der Zäit fir d' LX DX Toplist à jour ze setzen. Et ass nees jiddereen agelueden fir matzemaachen. Schéckt w.e.g. einfach den ausgefëllten Formulaire bis den 19. Januar 2019 un de Philippe LX2A. D'Resultater ginn duerno erëm am Bulletin an hei publizéiert.

Français Le moment de la mise à jour de la LX DX Toplist est de nouveau arrivé et tout le monde est invité à participer en envoyant le formulaire ci-dessous rempli à Philippe LX2A pour le 19 janvier 2019. Les résultats seront affichés plus tard dans le bulletin et sur le site.

LX DX Toplist Formulaire XLSX