LX SOTA Manager

Lëtzebuergesch Säit dem 18. November 2015 ass de Frank LX1MG offiziell den SOTA (Summits On The Air) Manager fir Lëtzebuerg. De Frank wor vum SOTA Grupp kontaktéiert ginn op hien kéint d’ Koordinatioun fir Lëtzebuerg iwwerhuelen, well hien schonn des öfteren vun engem Summit aus QRV war.

Et gëtt 4 Bierger, “Summits”, hei zu Lëtzebuerg: LX-001 Steekammchen, LX-002 Grengenwald, LX-003 Kiirchbësch an LX-004 Widderbierg.

Hei fannt dir weider Informatiounen zum SOTA hei zu Lëtzebuerg.

ARDF - Amateur Radio Direction Finding - Event am Juli

Wéi schonn an enger vireschter QST Emissioun ugekënnegt ass den 3. Juli zanter laanger Zäit mol rëm een ARDF Event, also eng Fuussejuegt hei zu Lëtzebuerg. Dat ganzt wäert fir des éischt Kéier lo mol just op 80 Meter gemaach ginn. De Club huet eng limitéiert Zuel vun Empfänger déi kennen ausgeléint ginn, sot eis an deem Fall wann der dovu wëllt profitéieren awer am Viraus Bescheed, op .

D’Umellungen wäerten ab halwer 11 zu Eesebuer beim Shack gemaach ginn, de Start vun den éischte Participanten ass da fir 11 Auer virgesinn. Et ass souwuel ee Grill mat Grill- a Mettwurschten  wéi och Gedrénks op der Platz, sou dass ee sech dono direkt rëm ka stäerken. Aus organisatoresche Grënn ass et fir eis méi einfach wann dir eis am Viraus Bescheed sot wann der matmaache wëllt, et kann awer och nach jiddereen den Dag selwer einfach dohi kommen, ouni ugemellt ze sinn. Am Fall wou der iech per Mail bei eis ugemellt hutt, kenne mer iech och Bescheed soen, falls et aus Wieder-technesche Grënn misst ofgesot ginn.