D-STAR

Lëtzebuergesch An dëser Rubrik fannt dir alles iwwer D-STAR zu Lëtzebuerg.

Deutsch In dieser Rubrik findet ihr alles Wissenswertes über D-STAR in Luxemburg.

Français Sous cette catégorie vous trouverez toutes les infos sur le D-STAR au Luxembourg.

English Under this category you'll find all the information about D-STAR in Luxembourg.


 

D-Star Relais LX0DRD - Dippëch

Lëtzebuergesch Säit Gëschter, dem  29.11.2014, leeft den Dippëcher D-STAR Relais mat sengem definitiven Ruffzeechen LX0DRD.

Déi Leit, déi den Relais bis elo als LX0XP geschafft hunn, mussen d’ Parameteren fir RTP1 an RTP2 an hiren Geräter upassen an op LX0DRD ëmstellen.

All Internet Servicer wei DPlus, DExtra DCS an IRCDDB sinn och online.

Nodeem festoung, dass den bestehenden Koaxkabel bis bei d’ Antenn erop schlecht wor hunn mir desen leschten Samsteg duerch en 7/8” Kabel ersat.

Et besteet den Moment nach sporadesch ee klenge Problem um Niveau vun der Receptioun. Vir der Saach op den Grond ze goen, wäerten mir am Laf vun der nächster Woch den Duplexer tauschen. Et muss sech dann erausstellen op domadder den Problem dann geléist ass.

English Since 29-NOV-2014 the 3rd Luxembourg D-STAR repeater LX0DRD, located in Dippach JN29XO, is officially on the air with all services enabled.

If you previously used LX0XP during the testing period please replace that callsign by LX0DRD in our settings now.

D-Star Relais LX0DRH - Riesenhaff

Lëtzebuergesch Den 05.09.2014 um 10h30 huet den DVC Working Group den D-Star Relais LX0DRH um Riesenhaff op der Frequenz 438.200MHz mat engem Shift vun -7,6MHz an Betrib geholl. D’ Mise en Service ass ouni weider Problemer verlaf.

Vu que dass d’ Relais Komponenten +- déi Selwecht wei zu Jonglënster (LX0DRJ) sinn, sollten déi meescht Läit mat der Bedienung eens ginn. Sämtlech Internet Servicer sinn och schonns online.

Éischt Tester an Miessungen hunn erginn, dass den Relais extrem empfindlëch ass an eng super Couverture huet. Rapporten kruten mir vun Cëssange, Bartrëng an Beovange bei Klierf, wou den Relais gutt ze héieren ass an mam Handy geschafft kann ginn. Och fonctionnéiert den Relais gutt an der Wolzer Géigend. Wei déi genau Ausbreedung vum Relais ass muss sech an den nächsten Wochen duerch méi präzise Miessungen an Feedback vun den Leit weisen.

Am Groussen an Ganzen kënne mir awer elo schonn soen, dass d’ Couverture zimlech genau dem entsprécht wat mir theoretesch gerechent haten an esou eng perfekt Ergänzung zum LX0DRJ zu Jonglënster ass.

Mam LX0DRH an LX0DRJ hun mir en groussen Deel vum N-W, N-O an O oofgedeckt.
 

CCS - Call Connection Service fir Lëtzebuerg

Lëtzebuergesch  D ‘Tester vum Lëtzebuerger D-Start Reflector DCS032 sinn ofgeschloss, an alles leeft esou wei et soll.
Aus dësem Grond gëtt et déi al LX-Group DCS002E um DCS002 nët méi.

Wei ugekënnegt hunn mir elo och nach eisen eegenen CCS Server ( Call Connection Service ) fir CCS-Callsign-Routing ze maachen. Den Moment ass CCS awer nach net um Kontroller vun den Relaisen implementéiert. Dat kënnt beim nächsten Firmware Update.

Wann dir en HotSpot huet deen CCS ënnerstëtz wei z.B den BabyStar vum ON8JL oder d’ircddb gateway Soft vum Jonathan, G4KLX, gëtt bei der CCS Optioun CCS032 agedroen.
Denkt och w.e.g drun fir en DTMF Code fir äert Ruffzeechen bei http://register.ham-digital.net/  unzefroen!

Wann CCS bis op eisen Relaisen implementéiert ass kënnen déi Leit, déi net registreiert sinn keen CCS-Callsign-Routing méi maachen.
Fäert nët fir Ierch bei ze mellen wann dir Froen huet oder net richteg eens gitt. Mir hëllefen gären weider, op per Mail oder op engem vun eisen Owenter (Esebuer oder Peppeng).

D-Star HotSpot LX0RL (update)

Lëtzebuergesch Säit Haut, 20.06.2014 ass den D-Star HotSpot LX0RL nees an Betrib.

Leider wor den Raspberry Pi nët méi ze retten, sou dass mir en neien hunn missten fir den Shack zu Esebur besuergen.
Glécklecherweis hat den DVAP Dongle keen Wasser ofkritt, sou dass die aner Komponenten nach ëmmer die selwecht sinn.

D’ Frequenz huet och nët geännert.
Den HotSpot leeft nach ëmmer op 70cm simplex, 433.575MHz.

LX0DRJ / Internet -Testphase oofgeschloss

Lëtzebuergesch No e pour klengen Startproblemer, den Router huet missten getosch ginn, konnt d’ Internet-Testphase vum LX0DRJ ofgeschloss ginn.
All Servicer wéi DPlus, DExtra, DCS reflectors an IRCddb  sinn elo online an kënnen am vollen Ëmfang vun den User genotzt ginn. Soumat wär d'mise en service vum LX0DRJ ofgeschloss.

Den Status vun den D-Star Relaien hei am Land kann live ofgefrot gin.

HotSpot LX0RL

Lëtzebuergesch Bis ob Weideres ass den LX0RL HotSpot down.

Nodeems mir en gréisseren Waasser Schued zu Eesebur haten huet den Raspberry PI, deen den DVAP Dongel steiert et net gepackt.

Mir kucken op en nach ze retten ass, soss mussen mir den Board ersetzen.

 

LX0DRJ

Lëtzebuergesch Den 23 Abrëll 2014 um 9h40 ass den éischten 70cm D-Star Relais hei am Land  opgeschallt ginn.
Déi nächst 14 Deeg leeft den Relais an enger Testphase, wou mir kucken ob den HF Deel an den Kontroller esou schaffen wei erhofft.
Den DVC Working Group géif sech freeën, wann dir den Relais géift äifreg benotzen an eis Rapporten schécken fir dass mir gesinn wei d' Couverture ass.

Soulaang den Relais an der Testphase bedriwwen gëtt, bleiwen d' Internet Servicer wei DCS, CCS, DPLUS etc. nach ausgeschalt.

No der Testphase gin sämtlech Servicer ageschalt, an den Relais kann a vollem Ëmfang genotzt ginn.