Lëtzebuergesch Den 05.09.2014 um 10h30 huet den DVC Working Group den D-Star Relais LX0DRH um Riesenhaff op der Frequenz 438.200MHz mat engem Shift vun -7,6MHz an Betrib geholl. D’ Mise en Service ass ouni weider Problemer verlaf.

Vu que dass d’ Relais Komponenten +- déi Selwecht wei zu Jonglënster (LX0DRJ) sinn, sollten déi meescht Läit mat der Bedienung eens ginn. Sämtlech Internet Servicer sinn och schonns online.

Éischt Tester an Miessungen hunn erginn, dass den Relais extrem empfindlëch ass an eng super Couverture huet. Rapporten kruten mir vun Cëssange, Bartrëng an Beovange bei Klierf, wou den Relais gutt ze héieren ass an mam Handy geschafft kann ginn. Och fonctionnéiert den Relais gutt an der Wolzer Géigend. Wei déi genau Ausbreedung vum Relais ass muss sech an den nächsten Wochen duerch méi präzise Miessungen an Feedback vun den Leit weisen.

Am Groussen an Ganzen kënne mir awer elo schonn soen, dass d’ Couverture zimlech genau dem entsprécht wat mir theoretesch gerechent haten an esou eng perfekt Ergänzung zum LX0DRJ zu Jonglënster ass.

Mam LX0DRH an LX0DRJ hun mir en groussen Deel vum N-W, N-O an O oofgedeckt.