Den offiziellen Ofschlossbericht vun der IARU Region 1 General Conference, déi vum 16. bis den 23. September zu Landshut stattfonnt huet, kann op der Websäit vun der IARU R1 erofgelueden ginn: https://www.iaru-r1.org/index.php/downloads/func-startdown/977/

D'RL Delegatioun (LX1KQ Mich an LX2OO Thomas) huet un deene verschiddene Workshops iwwer déi aktuell Themen deelgeholl. E puer vun den Haapt-Themen déi alleguer d'Funkamateure betreffen an déi op der Konferenz behandelt goufen, sinn d'Protectioun vun eisem Spektrum an d'Zuel vun den aktive Funkamateuren déi allgemeng réckleefeg ass. D'Konferenz huet och d'Strategie vun der IARU Regioun 1 op de Leescht geholl, am Hibléck op Memberszuelen déi zréck ginn, an eng finanziell Situatioun déi riskéiert an noer Zukunft ganz prekär ze ginn wann näischt geännert gëtt.

Et gouff och een neien Exekutivcomité an der Final Plenary gewielt. Den Executive Committee fir 2017 bis 2020, dee seng Amtszäit den 31. Oktober 2017 ufänkt, sinn:

  • President: Don Beattie, G3BJ
  • Vice President: Faisal Al-Ajmi, 9K2RR
  • Schatzmeeschter: Andreas Thiemann, HB9JOE
  • Generalsekretär: Hans Blondeel Timmerman, PB2T

Memberen:

  • Sylvain Azarian, F4GKR
  • Alessandro Carletti, IV3KKW
  • Mats Espling, SM6EAN
  • Joerg Jaehrig, DJ3HW
  • Oliver Tabakovski, Z32TO

Update:

Hei an desem PDF kann een nach noliesen wat fir eng Decisiounen an der Final Plenary dee leschten Dag ugeholl gi sinn. Merci un de REF fir déi franséisch Iwwersetzung.