Jamboree on the air 2019

Lëtzebuergesch Jota 2019 powerd by RL.

Wei all Joers supportéiert den RL d' Scouten um Jota-Joti vum 18-20 Oktober.
Sollten nach OM'en Loscht hunn um Jota mat ze hëllefen, dann mellt iech w.e.g beim Jota Team Lëtzebuerg.

LX75V

Lëtzebuergesch Vum 01.08.2019 bis 31.01.2020 bedreift den RL d' Sonderruffzeechen LX75V.

Dëst zum Gedenken un d'Befreiung vun Lëtzebuerg den 10. September 1944, wou alliéiert Panzeren kampflos an d’ Stad Lëtzebuerg eran gefuer sinn.

Mir hunn d’ Ruffzeechen bis Enn Januar 2020 wëll no der Ardennenoffensiv am Dezember 44 LX nees kuerz besat gouf an eréischt definitiv am Januar 1945 befreit ginn ass.

D’ Lizenz ass multi-multi-multi an kann esou parallel vun verschiddenen Opérateuren ob verschiddenen Bänner an Siten gläichzäiteg bedriwwen ginn! Enzeg Konditioun ass dass pro Band nëmmen eng Statioun am gläichen Mode aktivéiert gëtt. Erlaabt ass awer z.b. 20m FT8 an parallel 20m SSB.

All Member vum RL däerf d’Ruffzeechen an dem Zäitraum notzen wann en Loscht huet. Et muss een sech just beim Jean-Marie (LX1JH) per mail un umellen an duerno säin Log am adif Format ob déi selwecht Mail Adress schécken.

An dem LX75V Grupp kann een seng Aktivitéit ukënnegen an an d'Logbuch fënnt een hei.

Den RL wëscht vill Spaass mam Ruffzeechen.

Nei Adress fir d'Monatsversammlungen

Opgepasst - Attention - Achtung -  Attention!

Lëtzebuergesch Vun elo un sinn d'Monatsversammlungen vum RL zu Peppeng am San Marino!

Français Le local où se tiennent les réunions mensuelles du RL est à Peppange au San Marino!

Deutsch Die Monatsversammlungen des RL finden in Peppingen im San Marino statt!

English From now on, the new address of the monthly meetings is in Peppange!

 

Nei Adress - nouvelle adresse - neue Adresse - new address

Pizzeria San Marino
11 Rue de la Montagne
L-3391 PEPPANGE

 

YOTA Subregional Camp DL 2019

Lëtzebuergesch De Weekend vum 15. bis den 17. Mäerz 2019 fënnt den Youngsters On The Air Subregional Camp 2019 am Amateur Radio Center vum DARC zu Baunatal statt.

De Youngsters On The Air Program (YOTA) ass eng Initiativ vun der IARU fir jonkt Radio Amateuren zesummen engagéiern an si  bei hiren Aktivitéiten a Projeten  ze ënnerstëtzt.

Lëtzebuerg ass duerch den RL Member Erik LX6ES vertrueden.

RL Grillfest 2018

RL Grillfest 2018

Lëtzebuergesch D'RL Grillfest vum 10. Mee 2018 wor nees ee vollen Erfolleg an d'Stëmmung war top wéi een op de Fotoen erkenne kann.

Français Le barbecue traditionnel du RL au Bridel était de nouveau couronné d'un grand succès et il régnait une ambiance formidable.

Deutsch Wie man auf den stimmungsvollen Fotos erkennen kann war das RL Grillfest 2018 wieder ein voller Erfolg.