LX9YL - A success story

English An international YL (Young Ladies) Team was active from Eisenborn (Luxembourg city neighborhood) between August 7th and 10th, 2015. The group consisted of Dora HB9EPE, Johanna DJ5YL, Mado F1EOY, Christine F4GDI, Claudine F5JER, Tina DL5YL, Evelyne F5RPB, and Sophie F4DHQ. 5 stations have been set up and around 4800 QSOs were logged for the 160 to 6m band range in CW, SSB and Digital (PSK31, 63, 125 and RTTY).

The log is available via Clublog and the QSL cards are settled via the Luxembourg QSL Bureau by Philippe/LX2A.

The whole story can be read in the next RL bulletin.

Lëtzebuergesch Wei annoncéiert hu sech YLen aus 4 verschiddene Länner vum 7. bis den 10. August zu Esebur getraff fir mat LX9YL ze funken. Schlussendlech goufe 5 Statiounen opgeriicht an et konnten an deene 4 Deeg em déi 4800 QSOen gemaach ginn. Niewelaanscht ass och zesummen diskutéiert a gefeiert ginn, a si waren sech op Betzder de Kontroll-Center vun der SES ukucken.

E Bericht iwwert des Funk-Aktivitéit wäert am nächsten Bulletin publizéiert ginn.

JOTA-JOTI 2015 Informatiounsversammlung

Lëtzebuergesch Léif JOTA Coordinateuren,

All Joer fënnt den Jota-Joti (Jamboree On The Air an Jamboree On The Internet) statt. Dëst ass en Weekend wou Guiden a Scouten aus der ganzer Welt iwwert Funk an Internet mateneen kommunizéieren.

Mir, wëllen dech an jiddereen deen interesseiert ass häerzlech op eng Informatiounsversammlung iwwert des Aktivitéit invitéieren.

Niewent deenen Froen wei: "Waat brauch ech vun Material?, Wou fannen ech en Amateurfunker (fir Scoutsgruppen)?, Wou fannen ech e Scoutsgrupp (fir Amateurfunker)?, Wéi leeft esou e Weekend of?, Muss een do vill präparéieren?, …", gi mir awer och Neierungen zum nationale JOTA-JOTI Weekend bekannt wou mer probéiere wëllen all Joer eng bestëmmte Kommunikatiounsform ze förderen. Wéi eng et dëst Joer ass kritt der hei mat enger Demo erkläert.

Dess Informatiounsversammlung ass den 4. Juli 2015 um 18:00 Auer an der FNEL Verbandszentral (61A, rue de Trèves, an der Stad).

Lénks Patt, 73, a bis geschwënn,

D'Team vun dem "Scouting in Luxembourg" Aarbechtsgrupp Alexander Graham Bell (aalt JOTA-JOTI Team).

RL Grillfest 2015

RL Grillfest 2015

Lëtzebuergesch Och dest Joer hat den RL nees op séin grousst Grillfest invitéiert.

Tëschent  30 an 40 Leit haten den Wee op Eesebur fonnt fir zesummen ze grillen. Also eng Hand voll méi wéi d' lescht Joer.

D’ Wieder hat och matgespillt, sou dass et en groussen Erfolleg wor.

Dass souvill Leit do woren beweist, dass et den Leit d' lescht Joer gefall huet an motivéiert fir dat Grillfest d’ nächst Joer ze widderhuelen.

Wéi een op den Fotoen gesäit wor fir jiddereen eppes derbäi, egal op grouss oder kleng.

Nom Iessen hunn sech vill Leit an den Schack zréck gezunn wou den LX1IQ eng D-Star Demonstratioun gemaach huet. En ganzen Koup OM’en haten och hiert eegent D-Star Gerät derbäi an hunn äifreg Froen gestallt. Si woren begeeschtert dass den RL elo schonn 3 D-Star Relaisen huet an waarden gespaant op den 4 Relais um Ronnebësch.

Weider Fotoen vun dësem Event fannt dir hei: Album 1 - Album 2

Youngsters On The Air - LX4YOTA 2014

Lëtzebuergesch Am Kader vum Youngsters On The Air Working Group vun der IARU Region 1 ass vum 1. bis den 31. Dezember 2014 de YOTA Mount. An deem Mount sollen international, speziell Jugend-Statioune QRV ginn, fir d’Äiss e bëssen ze briechen, dass jonk Leit rëm méi de Mikro an de Grapp huelen. Lëtzebuerg wäert mam Ruffzeechen LX4YOTA matmaachen.

Jonk Memberen déi och dat Ruffzeeche wëllen während engem oder e puer Deeg aktivéieren, kenne sech beim Youth-Koordinator Ralph LX1RS () a beim President Mich LX1KQ () mellen.

Méi Informatiounen iwwer déi aner Statiounen déi matmaachen an d’Konditioune fir den Diplom ze kréien, fannt dir ënner http://www.ham-yota.com/

English In order to promote amateur radio amongst young people, the Youngsters On The Air Working Group IARU Region 1 inititated the YOTA Month from December 1st to December 30th, 2014. Luxembourg will participate with the callsign LX4YOTA, which youngsters can activate during a few days.

JOTA JOTI 2014

JOTA JOTI 2014 Logo

Dese Weekend, den 18. an 19. Oktober ass rem de JOTA (Jamboree On The Air). Folgend speziell Statioune sin zu desem Ulass QRV, wou d'Scouten eisen Hobby gewise kréien, an och selwer de Mikro kennen an d'Hand huelen:

 

Ruffzeechen Numm vum Grupp a QTH Responsable Chef Responsablen Amateur
LX1JAB

Abbé Pierre Bettembourg

Home St. Luc
58, rue J.F. Kennedy
L-3249 Bettembourg

Thierry Ehr Dan Jungels
LX1JU
LX1JAC

St. Benoit Cliäref

24, route d´Eselborn
L-9706 Clervaux

Pierre Turpel Jacquot Junk
LX1JX
LX1JAD

Greng Scouten

Home Belvédère
rue Jean Friederich
L-3469 Dudelange

Ben Frank Nico Reuland
LX1NR
LX1JAF

Wëll Säi Steesel

Home Scout
Op Reuland
L-7508 Steinsel

Max Kiffer Luc Engelmann
LX1IQ
LX1JAQ

St. Hubert / Ste Bernadette

2a, rue des Champs
L-8412 Steinfort

Georges Bosseler Patrick Rendulic
LX3PR
LX1JAZ

Mamer Wiselen

Home Mamer Wiselen
107, rte d'Arlon
L-8211 Mamer

Ben Kremer Guy Lepage
LX1OK
LX1JBA

St. Pierre

10, rue du Bois
L-8463 Eischen

Klood Pirsch Marc Storck
LX1DUC

 

 

 

Méi Informatioune fannt dir och op der Homepage vum JOTA-JOTI Team Letzebuerg: www.jotajoti.lu oder um offizielle JOTA JOTI Internet Site: jotajoti.info

 

Information concerning the RL QSL Bureau

English We want to inform our members that the address of the RL QSL Bureau is still the same, and that IARU Member Societies will continue to send their cards to our bureau. RL members have, as accustomed, the possibility to fetch or hand in their cards twice per month, namely during the monthly meeting in Peppange and at the club evening in Eisenborn. Non-members can, as decided during the general assembly of March 2014, request their cards by paying a small participation fee.

Informatiounen zum RL QSL Bureau
Lëtzebuergesch Mir wollten eis Memberen informéieren, dass d’Adress vum RL QSL Bureau nach ëmmer déi üblech ass, an d’IARU Member Veräiner weiderhin hier Kaarten un eise Bureau schécken. D’RL Memberen kennen wéi gewinnt hier Kaarten 2 mol pro Mount ofhuelen respektiv ofginn, nämlech op der Monatsversammlung zu Peppeng, an um ClubOwend zu Esebuer. Net-Memberen kennen, wéi op der Assemblée Générale vum Mäerz 2014 décidéiert, hier Kaarten fir eng kleng Participatioun un de Käschten ufroen.