Lëtzebuergesch Op Invitatioun vum ON7TK, Claude van Pottelsberghe de la Potterie, President vun der UBA , hunn 2 RL Memberen um Congrès National UBA deelgeholl.

Dëst Joer war de Kongress den 10. Mee 2014, organiséiert vun der Sectioun La Louvière. De Jeng LX1JM a Mich LX1KQ sinn um 9:15 zu La Louvière ukomm a si vum ON7TK Claude an ON7LX Carine begréisst ginn.

Vun 10:00 bis 12:30 wore Virféierung iwwer D-Star an DMR geplangt. Den Roger ON7BE huet de Workshop iwwer D-Star geleet, de Patrick ON4PN deen iwwer DMR. Dës Workshoppen hunn alle Kéier iwwer eng Stonn gedauert, an et ass een theoretesch a praktesch zu dësen 2 digitale Betriebsarten informéiert ginn. An den Pausen haten den LX1JM an LX1KQ d'Geleeënheet eppes z’iessen an ze drénken a sech mat verschidden Amateuren auszetauschen, wéi dem Hans PB2T, President vun der IARU Regioun 1, an dem Président d'Honneur vun der UBA, Gaston Bertels ON4WF.

Den ON4PC Filip Schollaert, Koordinator fir onbemannte Statioune fir d’UBA an IARU Regioun 1 gouf vum Jeng a Mich iwwer déi neiste Progrèse vun neie Relais-Statiounen a Lëtzebuerg informéiert.

Mëttes hunn den LX1JM an LX1KQ och un der Generalversammlung vun der UBA deelgeholl. Owes war e Galadinner als feierlechen Ofschloss, wou de Mich LX1KQ nach emol Merci gesot huet fir de flotten Dag. Hien huet dem Président d'Honneur Gaston Bertels ON4WF an dem erëmgewielten President vun der UBA Claude ON7TK den neien RL Wimpel iwwerreecht. An Zukunft well d’UBA a den RL nach méi enk zesummenschaffen. Schonn op der Hamradio 2014 zu Friedrichshafen gëtte BENELUX Stand opgeriicht, wou VERON, UBA an den RL zesumme vertruede sinn.

Weider Fotoen gin et hei: http://www.rlx.lu/qrz/media/photos/57-friederich-mich/album?albumid=81