L√ętzebuergesch Den nationalen ARDF Event vum RL den 1. September fënnt dëst Joer zu Grousbous statt. D'Fuussejuegd wäert wéi di lescht Joeren rëm am 80m Band sinn.

Start an Arrivé ass um Parking op der N12 bei Grousbous:
http://g-o.lu/3/thfP
GPS: 5° 57′ 19,6″ E, 49° 50′ 25,4″ N
Déi éischt Départen sinn um 10:00. Wann d'Participants-Zuelen ähnlech si wéi d'läscht Joer, wier et gutt wann déi läscht Départen spéitstens um 11:00 wieren (den Zäit-Limit vun der Fussejuegd ass 2 Stonnen). Leit déi net grad sou sportlech sinn, kennen och een Deel vum Parcours maachen an eng méi kleng Zuel vu Sendere sichen.

Intresséiert Leit déi am Viraus wëllen Informatioune kréien (e.g. falls et misst kuerzfristeg aus wieder-technesche Grënn ofgesot ginn) kenne sech lo scho beim ARDF Working Group umellen (), mir wäerten awer och hei op der Homepage Informatioune ginn. Natierlech kann och jiddereen Sonndes einfach op d'Plaz kommen a sech nach do aschreiwen fir mat ze maachen. Op der Plaz wäert och fir Leit déi sech nach net sou mat der Thematik auskennen eng kleng praktesch Introduktioun gemaach ginn, well d’Sendere jo souwisou op der Plaz sinn, fir dann “hors compétition” der een oder zwee ze sichen.

Denkt w.e.g. dru fir gutt Schung a passend Kleedung unzedoen a jee no Wieder eppes fir ënnerwee ze drénken mat ze bréngen. Eng Kaart vum Site (Din A4 Gréisst) wäert de Participanten zur Verfügung gestallt ginn. Ee Support a Schreif-Material soll jidderee selwer matbréngen. Déi Leit déi een Empfänger vum Club reservéiert hu solle w.e.g. ee Kopfhörer mat Mini-Jack Uschloss (kee mat 4 polegen Headset/Mikro-Uschloss) matbréngen.

Gedrénks kann een géint een klengen Onkäschte-Beitrag no der Fuussejuegd och op der Plaz kréien, ee Picknick soll jidderee selwer matbréngen.

 

English The national ARDF event on September 1st will be held this year in Grousbous. The fox hunt will be on 80m as the previous years.

Start and Finish will be on the parking place on N12 near Grousbous:
http://g-o.lu/3/thfP
GPS: 5° 57′ 19,6″ E, 49° 50′ 25,4″ N
The first departures are at 10:00. If the number of participants will be similar to the one last year, it would be good to start latest at 11:00 (the duration of the fox hunt is 2 hours max.). Less sporty people can also search a reduced number of foxes.

People who are interested to get information beforehand (e.g. if the event must be canceled at short notice due to bad weather) can register now at the ARDF WG (), but information will also be published on this website. Of course everyone is welcome to join us at the starting place on Sunday to participate and register there. We will also make a small practical introduction for people not yet familiar with ARDF, they can then search one or two foxes out-of-competition.

Please don't forget to wear adequate shoes and apparel, and depending on the weather to bring something to drink during the hunt. A map of the site (Din A4 size) will be provided to the participants. A support for the map and writing material should be brought by the participants. Those having reserved a receiver from the association should please bring a headphone with mini jack connector (not one with 4 pins from a headset/microphone).

Drinks are available after the return for a small fee, picnic should be brought by the participants.